100 Joër LGS – Feedback Spot´en
Mir wäre frou wanns du dir e puer Minutten Zäit huele géifs an dës Ëmfro betreffend d´Spot´en den 18. Mee 2019 géifs beäntweren.
Mir soen dir villmools Merci am Viraus
Mir wäre frou wanns du dir e puer Minutten Zäit huele géifs an dës Ëmfro betreffend d´Spot´en den 18. Mee 2019 géifs beäntweren.
Mir soen dir villmools Merci am Viraus
Léif Cheftainen a Chef, den Aarbechtsgrupp Verspriechen huet am Laf vum leschte Joer op Basis vun den Diskussioune vum Kongress 2018 un engem neie Verspriechenstext geschafft.
Informatiounen zum NOUTTELEFON 2019
vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Den Nouttelefon vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute funktionéiert 24 Stonnen op 24 Stonnen (Summerperiod) vum 12. Juli 2019 (ab 16.00 Auer) bis den 16. September 2019 (bis 8.00 Auer).
D’Nummer vum Nouttelefon ass: 26 94 84 90
Léif Chef/tainen,
denkt drun är Demandë vum Congé jeunesse mat Zäit eranzeschécken. D’Demande sollt 1 Mount virum Camp beim SNJ ukommen. Well d’LGS-Sekretariat d’Demande och ënnerschreiwe muss, soll d’Demande op d’mannst 6 Woche virum Camp bei der Géisserei ukommen.
D’Sekratariat kann d’Demande nëmmen da verschaffen, wann de Camp ugemellt ginn ass. D’Sekretariat muss d’Umeldung mam Programm beileeën a bestätigen, datt ee Member am Verband ass, an ob de Kandidat eng Formatioun gemaach huet.
[LU]
Léif Guiden a Scouten,
Hei déi 2. Newsletter vum Letzebuerger Contingent op den Europäeschen Jamboree 2020 a Polen :
Fir wéider Froen schéck eng mail op *protected email* an maach eng Visit op hire Site: https://ej2020.sil.lu/
Eis Büroe sinn dëse Freiden den 31/05/2019 zou. Mir sinn ab de Méinden 03/06/2019 erëm fir iech do.
Schéine Weekend.