Ënnert dem Pavé

Ënnert dem Pavé 03.08.2019 / Antisemitismus zu Lëtzebuerg

http://podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2019/07/Ennert-dem-Pavé.mp3

 

An dëser Emissioun vun Ënnert dem Pavé widme mer eis dem Thema Antisemitismus. An engem längeren Interview mam Bernhard Gottlieb als President vum RIAL – Recherche et informations sur l’antisémitisme au Luxembourg – erzielt en eis iwwer perséinlech Erfarunge mam Antisemitismus, weieng Roll d’sozial Medie bei dem Thema spillt an och iwwert d’Verschwierungstheorië wäert geschwat ginn.

Ënnert dem Pavé 07.06.2019 / EU-Wahlen a Perspektiven

http://podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2019/06/Ennert-dem-Pavé-Laika.mp3

 

An dëser Episode vun Ënnert dem Pave geet et em d EU Wahlen. An dräi Interviews soll et em d Resultater, d Perspektiven a Méiglechkeeten aus engem lenke Point de Vue goen.

Playlist: 

Tyler The Creator – I THINK

Nicool – Faul a Bequem

Björk – Tabula Rasa

Banks – Gimme

Ënnert dem Pavé 03.05.2019 / Politesch Konscht

http://podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2019/05/2019-05-03-EDP-LAIKA.mp3

 

An dëser Episode vun Ënnert dem Pavé geht et em politesch Konscht. Mir kucken eis Konsequenzen un, mat deenen politesch KënschtlerInnen liewen  mussen, schwätzen mat KënschtlerInnen aus verschiddensten Kreeser iwwert hier Motivatiounen an Ideen an werfen een kriteschen Bléeck op “onpolitesch Konscht”.

Playlist:

Madsen – Sirenen

IDLES – Mother

Dream Wife – Somebody

Ënnert dem Pavé 04.01.2019 – Gilets Jaunes

An der éichter Sendung vum 2019 an der éichter Sendung als Laika hu mer eis mat der Beweegung vun den Gilets Jaunes an Frankraich beschäftegt. Hier Entstehung, hier Mobiliésierung, a weifern et eng Beweegung ass dei sech mat der Klassefro auserneen setzt, mat Kritik aus dem Wort un de Gilets Jaunes a mat der enormer Repressioun déi hinnen vum franseischen Staat entgéint schléit. 

 

http://podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2019/01/mp3.mp3

 

Ënnert dem Pavé 7.12.2018 – Ëmbenennung an Feminismus

мы представляем вам: Laika! – Mier presentéieren ierch: Laika!

Des Emissioun am Dezember widme mer zum Deel eiser Ëmbenennung vun Jonk Lenk zu Laika. Et gëtt iwwert d”Lëtz say no to violence”-Demo vum 24. November geschwat an d’ #thisisnotconsent-Beweegung.
Ausserdeem diskutéiere mier eng  Tagung déi den 30.11 bis 1.12 zu Wien stattfonnt huet zum Thema “Materialistischer Feminismus”, déi Membere vu Laika besicht hunn.

 

ënnert dem Pavé 2017-03-24 “Krich-Budget”

Eis Revolutioun fänkt dës Woch wierklech un! ✊

Mir hunn zu eigentlech – Grand-Ducseidank – eis héichqualifizéiert, objektiv-onofhängeg, intensiv-recherchéierten , fakten-orientéiert a “vill-besser-wéi--oder-Putin -fakenews-Press”.  Déi huet et awer iergendwéi verpasst eis drop opmierksam ze maachen, dass beim Militärbudget – Méi fir ☠️  – massiv gelunn, gefuddelt a bedrunn gouf.

Domat ass elo Schluss – mir besetzen den Term “Ligepress” nei.

2017.02.03 – Ënnert dem Pavé

Ob der Demonstratioun géint d’ENF Konferenz zu Koblenz waren och e puer Aktivist*innen vun Jonk Lénk präsent, an dëser Sendung zielen mer ärch wei daat sech aus eisen Aan aus oofgespillt huet. Außerdem hunn mer nees een Film Review “Merci Patron” vum François Ruffin. An der Begrëffserklärungsrubrik Iwwert der Plage schwätzen mer iwwert eng Demotaktik, den schwarzen Block.

 

2017.01.06 – Ënnert dem Pavé

An dëser Sendung maachen Jonk Lénk en kuerzen Joeresréckbléck iwwer déi verschidden Aktiounen vun 2016. Dorënner och eis Adventsaktioun zu den “Big 4”.
Donierwt, gëtt et och en Film review iwwer dem Soderbergh säin Biopic “Che, Revolucion”.Wéi all Sendung hunn mer dann eng Begrëffserklärung an eiser Rubrik “Iwwert der Plage”, des Kéier erklären mer wat mir mengen wann mir eis als sozialistesch Jugendorganisatioun bezeechnen.

Jonk Lénk – No More Big 4

Pages