100komma7

1. Agro-Olympiad fir jonk Baueren: sech moossen, sech austauschen

Zillen tässelen, Holz räissen, hannerzeg Trakter fueren: dat waren e puer vun den Disziplinnen op der éischter Editioun vun der Agro-Olympiad fir jonk Baueren Ettelbréck. Ee Projet, deen hei zu Lëtzebuerg entstan ass, a bei deem eng Equipe vun der Ettelbrécker Ackerbauschoul um Enn um ieweschten Träpplek stoung. Iwwert de spillereschen Aspekt eraus louch de wierklechen Enjeu anzwousch anescht: de Stellewäert vun der Landwirtschaft an hir Zukunft.

“ITM net nëmmen do fir d’Salariéen, och fir d’Patronen”

De Marco Boly, Interimsdirekter vun der Gewerbeinspektioun, huet den Optrag kritt fir dës Verwaltung ze restrukturéieren. Datt d’ITM an engem desolaten Zoustand war, weess een net eréischt zënter der Verëffentlechung am Mäerz vun engem weideren Audit. Wat huet sech zënter hir gedoen?

Marco Boly

D’Corinne Cahen kandidéiert als DP-Presidentin, nei Parteispëtzt geplangt

D’Demokratesch Partei dierft sech eng komplett nei Equipe un hirer Spëtzt ginn. D’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen huet am 100,7-Interview confirméiert, datt si fir de Poste vun der Parteipresidentin kandidéiert. D’Kandidate fir déi dräi Poste vun den DP-Vizepresidente sinn: de Max Hahn, de Lex Delles an de Marc Hansen. Neie Generalsekretär soll de Marc Ruppert ginn.

Corinne Cahen (Archiv)

Bausch: Léisung bei Luxair-Aktie vu Lufthansa fonnt

D’Regierung hätt “eng Léisung fonnt” a Bezuch op d’Luxair-Aktien, déi d’Lufthansa wëll verkafen, sou den Infrastruktur- an Nohaltegkeetsminister de moien op eiser Antenn. Fir d’éischt géif de François Bausch mar Dënschdeg d’Deputéiert aus der zoustänneger Chamberkommissioun informéieren. De grénge Minister huet dann un all d’Acteure bei der Cargolux appeléiert, ee Kompromëss bei de Verhandlungen ëm een neie Kollektivvertrag ze fannen.

François Bausch

Jeremy Rifkin: Eng Visioun fir Lëtzebuerg?

Den US-Economist Jeremy Rifkin soll eng Strategie fir déi “drëtt industriell Revolutioun” zu Lëtzebuerg ausschaffen. Stellt sech d’Fro, wéi seng Visioun vun enger nohalteger a komplett digitaliséierter Wirtschaft soll ëmgesat ginn. Spéitstens dem Rifkin seng These, dass Dateschutz am 21. Joerhonnert näischt verluer huet, stéisst hei am Land op Widderstand. An d’Sozialpartner kënne sech schwéier virstellen, datt een déi sozial Maartwirtschaft duerch eng post-kapitalistesch an dereguléiert “Sharing Economy” ersetzt.

Ëmweltministesch konfirméiert: Plainte wéinst VW-Ofgas-Skandal

 

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg konfirméiert datt d’Regierung wéinst dem VW-Skandal eng Plainte géint de Konzern wëllt areechen. Fir den Ament gëtt iwwerpréift géint wéi eng Direktiven de Konzern verstouss huet fir dono Schuedenersaz anzekloen. De Konsument géif op kee Fall dowéinst bestrooft ginn, esou nach d’Carole Dieschbourg.

Fräihandelsaccord TTIP: Méi Transparenz an de Negociatiounen.

“Keen astellen, deen den ‘Helfersyndrom’ huet”

Zënter Mëtt August komme vill méi Flüchtlingen op Lëtzebuerg wéi dat bis dohin de Fall war. Wéi geet d’Verwaltung mat all deene Fäll ëm? Explikatioune vum Jean-Paul Reiter, Direkter vun der Immigratioun am Ausseministère.

Asyldemanden tëschent Januar an Oktober 2015, nom “pays d’origine”
(Quell: Ausseministère – Immigratioun)

Firwat huet d’AKP d’Wahlen an der Tierkei gewonnen?

D’Wieler wollte Stabilitéit, seet den Giuseppe Mancini, een italiéinesche Journalist, deen zu Istanbul lieft. Am Géigesaz zur dominanter Meenung an der europäescher Press seet hien, datt et der islamesch-konservativer Partei net drëms geet, an der Tierkei en autoritäre Regime opzebauen. D’AKP stéing ënnert dem Drock vun hire Wieler, déi eng Demokratiséierung vum politesche Liewen an eng Ouverture no bausse wéilten.

D’Agence Immobilière Sociale iwwerhëlt d’Gestioun vun 100 Wunnengen

D’Agence Immobilière Sociale iwwerhëlt deemnächst de Suivi vun 100 Wunnenge vum OLAI. Dës Wunnénge si fir Flüchtlinge geduecht, déi den Asylstatut hunn. Et si 500 bis 600 Leit concernéiert.

Ronn 10.000 Logementer sollen zu Lëtzebuerg eidel stoen

Flüchtlingen déi den Asylstatut hunn, hunn déi selwecht sozial Rechter wéi aner Residenten. Am Ufank brauche Flüchtlingen awer ee soziale Suivi besonnesch bei der Sich no Wunnraum.

Hëllef fir Leit mam Asylstatut

Pages