3rdparty

Biodiversitéit an der Stad – August 2018

Click to view slideshow.

Wat ass eigentlech Biodiversitéit a firwat ass si esou wichteg? Den Donneschdeg hu mir eis am a ronderëm de ‘natur musée’ mam Thema Biodiversitéit an der Stad beschäftegt. Mir hunn d’Villsäitegkeet vun de potentielle Liewensraim an der Stad kënne geléiert a si selwer op d’Sich no Liewewiese gaangen.

Gletschertrekking 2018

Click to view slideshow.

 

Beim Wanderen iwwert den Aletschgletscher hunn 18 Jonker tëschent 13 a 15 Joer vum 23. bis de 29. Juli d’Folgen vum Klimawandel, souwéi d’Flora an d’Fauna vun de Schwäizer Alpen erfuerscht. Si hunn an engem Naturschutzgebitt uewen um Bierg op der Riederalp iwwernuechten an hu vill Abenteuer erlieft.

D’Liz Burton huet ee ganz flotte Rapport iwwert dëst Abenteuer geschriwwen. Hei fann dir vill Detailer zu deene verschiddenen Aktivitéiten. 

Dem Sandsteen seng Geheimnisser – Juli 2018

Click to view slideshow.

Op engem Tour duerch de Péitruss-Dall hu mir wärend der Science Club Aktivitéit “Dem Sandsteen seng Geheimnisser” de Lëtzebuerger Sandstee kënne geléiert. Wéi ass en entstanen, wat si seng Charakteristiken? Zesummen hu mir eis och 60m an den Ënnergrond vun der Stad, matzen an de Sandstee getraut.

G@strono(co)myc

Iwwer déi lëscht dräi Méint, hunn d’Luca, d’Lisa an de Roman sech eng 6 Mol bei eis am ‘natur musée’ getraff, fir un engem Projet ze schaffen, dee si bei der “Interdisciplinary Creativity Skilly Competition” areeche wollten. D’Thema vun der Competitioun war “Liewen a schaffen am Weltall”. Séier war kloer: mir maachen ee Comic. D’Lisa moolt an d’Luca an de Roman schreiwen d’Geschicht. De Sujet: Iessen um Mound. D’Resultat: de G@astrono(co)myc!

Onerwaart Schätz – Juli 2018

Click to view slideshow.

De Samschdeg ware mir an der temporärer Expo UnexpectedTreasures am ‘natur musée’. Hei stellen sech déi verschidde staatlech Kulturinstituter fir. Mir sinn ënner anerem gewuer gi wat een Dromedarskelett zu Mamer an engem Pëtz verluer huet, wat een Holotyp ass a wat de Notze vun engem Herbier ka sinn. D’Ausstellung kann een nach bis de 26. August kucke kommen.

ScienteensLab – Physik vs. Sonnecrème – Juli 2018

Click to view slideshow.

Wat ass Sonnecrème? Firwat brauche mir se a wéi funktionéiert se? Du mëss deng eege Sonnecrème an ënnersichs se op hier Effikassitéit. Mir erfuerschen dat siichtbart an onsiichtbart Liicht a fannen eraus wisou virun allem den Ultravioletten Undeel vum Liicht esou geféierlech ass

Pages