3rdparty

Terre Rouge Science Weekend

Des Joer hate mir eng weider Editioun vum Terre Rouge Science Weekend zu Lasauvage. Mir sinn eppes iwwert de Magnestismus gewuer ginn, hu Fossilien an der Natur an ënnert dem Mikroskop gesicht an analyséiert, waren an der aler Eisenäerz-Minn an hu mam Spéckstee geschafft. Hei e puer Impressioune vun dësem flotte Weekend. Wanns du béi eisen nächsten Aktivitéiten och wëlls dobäi sinn, da schreif dech hei an: www.science-club.lu/programm/

Visite Luxembourg Institute of Health 24-03-16

E puer Fotoe vun der Visite vum 24 Mäerz 2016 an de Laboen vum Departement ‘Infection & Immunity’ vum Luxembourg Institute of Health , Explikatioune vu Fuerscher zu aktuellen Projeten an Demonstratioun vun Techniken an Equipementer, déi an der Fuerschung am Alldag gebraucht gin.

 

 

Scienteens Lab – Molekular Biologie 11-02-2016

Fotoe vun der Science Club Visite den 11/02/2016 am LCSB, engem Fuerschungszentrum vun der Uni. Hei schaffe Biologen, Medeziner, Informatiker, Physiker a Mathematiker zesummen fir d’biologesch Mechanisme vun neuro-degenerative Krankheeten, ewei Parkinson’s disease an Alzheimer, besser ze verstoen.

Pages