action

Mäin éischte Mount am Senegal

Salaamaalekum,
Ech sinn d’Lis vu Capellen an ech krut d’Méiglechkeet fir dëst Joer, wärend 6 Méint, en Fräiwëllegendéngscht an Zesummenaarbecht mat der ONGD-LGS an dem SNJ am Senegal ze maachen. No menger Première war et fir mech kloer datt ech net direkt wéilt op d’Uni goen an sou ass mer d’Iddi komm e Volontariat ze maachen, fir engersäits eng nei Kultur kennenzeléieren a mech anerersäits op engem net schoulesche Wee weiderzebilden.

Eng Wuecht am Forum fir zäitgenëssesch Konscht

Wat ?

D’RaRo Ekipp invitéiert den 30. Mäerz 2019 op

Eng Wuecht am Forum fir zäitgenëssesch Konscht

De Casino an der Staat gehéiert eng Nuecht laang de RaRo.

Dësen Event ass Deel vun der Ausstellung „Buveurs de quintessences“ an d’Idee fir d’Wuecht geet vum ungaresche Kënschtler Janos Sugar sengem Wierk „Fire in the Museum“.

Umellung: European Jamboree 2020

D’Umellungen sin op fir den EuroJam2020 a Polen:

[LU] Fir D’Umellungen soll een als éischt eng Mail un *protected email* schécken fir duerno sech oder seng jonker kënne am System anzeschreiwen. D’Konditioune a Modalitéiten vun der Umelldung stin an den Newsletter vum Contingent. Wann Dir soss nach Zweifel hut, zéckt net fir no méi Informatiounen ze froen.

—-

Umellung: European Jamboree 2020

D’Umellungen sin op fir den EuroJam2020 a Polen

[LU] Fir D’Umellungen soll een als éischt eng Mail un *protected email* schécken fir duerno sech oder seng jonker kënne am System anzeschreiwen. D’Konditioune a Modalitéiten vun der Umellung stin an den Newsletter vum Contingent. Wann Dir soss nach Zweifel hut, zéckt net fir no méi Informatiounen ze froen.

—-

Bibertreff 2019 – Éischten Infobréif

Léif Bibercheftainen a Bibercheffen,
Léif Biber aus dem ganze Land,

Endlech ass et erëm souwäit. No enger klenger Paus fënnt 2019 erëm e Bibertreff statt. Dobäi handelt et sech em ee Rallye fir d’Biber aus dem ganze Land, dee vun engem lokale Grupp organiséiert gëtt.

De Bibertreff 2019 fënnt zu Clierf statt, Samsdes, den 29. Juni 2019.

Éischt wichteg Informatioune fënns du am éischten Infobréif: Bibertreff 2019 – 1

Pages