adventure

Scouts of the World Award – Brevet Scout du Monde

– Résumé et formulaires en français disponible plus bas –

An Zäite vun Jugendchômage ass et ëm esou méi wichteg dass een niewent engem gudde schoulesche Parcours och nach eng ganz Réi aner Kompetenzen huet déi een als Kandidat vun Aneren ënnerscheet. Een engagéierte Weltbierger ze sinn an d’Erfahrungen op engem Entwécklungsprojet mat engem Brevet hannerlee ze kennen, kann nei engem Jobinterview sécher net schueden

De Weltscout Ëmweltprogramm

Ënnert desem Text fann dir all wichteg Dokumenter a Formulären fir den WSEP. D’WSEP-Info an WSEP-Methoder a Zieler w.e.g liesen, an iech umellen ier dir den Programm ufänft.

Wat sinn d’Ziler?

De Weltscout Ëmweltprogramm (WSEP) offréiert Methoden, Ressourcen an Initiativë fir dass d’Scoute ronderëm d’Welt zesummen un enger verbesserter Natur an Ëmwelt, (lokal a global), schaffe kennen.

Dass d’Guiden a Scouten zesumme fir eng Welt schaffen an där:

Euro-Mini-Jam 2016 fir AvEx zu Monaco

Invitatioun fir op e flotte Camp dëse Summer zu Monaco

All draï Joer treffen sech Guiden a Scouten aus de “klenge” Länner aus Europa fir e gemeinsame Camp. No Island a Lichtenstein, wou all Kéiers LGS Participante mat derbäi waren an e super Camp erlieft hunn, ass et dëse Summer u Monaco déi dëse Camp organiséieren.

European Development Days – Aktif jonk Leit gesicht

D’Europäesch Kommissioun rifft jonk Leit op fir aktif Roll bei den European Development Days ze spillen. 16 Jonker déi sech mëlle gin erausgesicht fir op enger Konferenz iwwert hier Visiounen ze schwätzen. Héi méi Info:

 

Dear Friends,

Thinking Day 2016

Et ass rëm sou weit, den 22ten Februar feieren mir mat den Scouten weltwäit de Gebuertsdag vum Olave a vum Robert Baden Powell. Dëst ass eng Traditioun déi säit 1932 existéiert  an du kanns hëllefen se weiderzeféieren!

D’ Scouten a d’ Guiden schécken sech Postkaarten mat schéine Gréiss um Thinkingday an zesummen mat Lichtenstein, Däitschland, Éisterräich an der Schwäiz, maache mir mat.

D’Thema dëst Joer ass CONNECT – sief verbonnen.

D’Fondatioun vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten sicht fir e CDD e Comptable

De Frank Lulof ass vu Mëtt Abrëll un fir e puer Méint am Congé Maladie an datt net ze vill leie bleift siche mer e Remplaçant.

De Schwéierpunkt vun der Aarbecht leit ganz kloer op der Comptabilitéit, dofir siche mer eng Persoun déi sech doran doheem fillt (a wa méiglech och schonn mam Compta Programm « BOB » geschafft huet).

Et geet zemools em den Encodage vun den Extraiten an em d’Bezuele vu Rechnungen.

Do dernieft falen och nach allgemeng administrativ Aarbechten ewéi d’Declaratioun vun den Assurance Fäll,… un.

Weekend am Trappistenklouschter zu Orval

Weekend am Trappisteklouschter zu Orval

12.-13.Mäerz 2016

Ufank samschdes um 15.00 Auer /Ofschloss sonndes géint 16.00 Auer

Fir all ernannte Chef

De Weekend ass geduecht fir an engem klenge Grupp eemol aus dem Alldag erauszeklammen. Mir hunn d’Méiglechkeet, vun der Rou vum Klouschter ze profitéieren, an um Rhythmus vum Dagesoflaf vun de Pateren, deelzehuelen. Am Austausch huele mir ons Zäit, fir ons selwer e Stéck méi nozekommen.

De Präis vum Weekend ass 45.-€. Mir iwwernuechten an der Hotellerie vum Klouschter an Eenzelzëmmeren.

Pages