adventure

Euro-Mini-Jam 2016 fir AvEx zu Monaco

Invitatioun fir op e flotte Camp dëse Summer zu Monaco

All draï Joer treffen sech Guiden a Scouten aus de “klenge” Länner aus Europa fir e gemeinsame Camp. No Island a Lichtenstein, wou all Kéiers LGS Participante mat derbäi waren an e super Camp erlieft hunn, ass et dëse Summer u Monaco déi dëse Camp organiséieren.

European Development Days – Aktif jonk Leit gesicht

D’Europäesch Kommissioun rifft jonk Leit op fir aktif Roll bei den European Development Days ze spillen. 16 Jonker déi sech mëlle gin erausgesicht fir op enger Konferenz iwwert hier Visiounen ze schwätzen. Héi méi Info:

 

Dear Friends,

Thinking Day 2016

Et ass rëm sou weit, den 22ten Februar feieren mir mat den Scouten weltwäit de Gebuertsdag vum Olave a vum Robert Baden Powell. Dëst ass eng Traditioun déi säit 1932 existéiert  an du kanns hëllefen se weiderzeféieren!

D’ Scouten a d’ Guiden schécken sech Postkaarten mat schéine Gréiss um Thinkingday an zesummen mat Lichtenstein, Däitschland, Éisterräich an der Schwäiz, maache mir mat.

D’Thema dëst Joer ass CONNECT – sief verbonnen.

D’Fondatioun vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten sicht fir e CDD e Comptable

De Frank Lulof ass vu Mëtt Abrëll un fir e puer Méint am Congé Maladie an datt net ze vill leie bleift siche mer e Remplaçant.

De Schwéierpunkt vun der Aarbecht leit ganz kloer op der Comptabilitéit, dofir siche mer eng Persoun déi sech doran doheem fillt (a wa méiglech och schonn mam Compta Programm « BOB » geschafft huet).

Et geet zemools em den Encodage vun den Extraiten an em d’Bezuele vu Rechnungen.

Do dernieft falen och nach allgemeng administrativ Aarbechten ewéi d’Declaratioun vun den Assurance Fäll,… un.

Weekend am Trappistenklouschter zu Orval

Weekend am Trappisteklouschter zu Orval

12.-13.Mäerz 2016

Ufank samschdes um 15.00 Auer /Ofschloss sonndes géint 16.00 Auer

Fir all ernannte Chef

De Weekend ass geduecht fir an engem klenge Grupp eemol aus dem Alldag erauszeklammen. Mir hunn d’Méiglechkeet, vun der Rou vum Klouschter ze profitéieren, an um Rhythmus vum Dagesoflaf vun de Pateren, deelzehuelen. Am Austausch huele mir ons Zäit, fir ons selwer e Stéck méi nozekommen.

De Präis vum Weekend ass 45.-€. Mir iwwernuechten an der Hotellerie vum Klouschter an Eenzelzëmmeren.

Wëllefchersrallye de 5. Juni

 

Léif Wëllefcheftainen a Wëllefchefs,

Wéi dir villäicht schonn um Chefdag héieren hutt, ass dëst Joer de Wëllefchersrallye de 5. Juni zu Hesper um Holleschbierg. Organiséiert gëtt en vum Grupp Don Bosco vum Houwald an dem Grupp HI. Franz vun Assisi vu Péiteng.

D’Houwalder Maskottchen, de Waldho, ass spurlos verschwonnen an mir brauchen hien esou séier wéi méiglech nees zeréck fir dass hien pünktlech zum 70. Jubiläum vum Houwalder Grupp nees do ass. Dofir ass Thema vum Rallye dëst Joer:

 

Pages