ARCHIVE

Table Ronde: “Wéi eng Plaatz fir di Jonk vun haut an der Aarbechtswelt vu muer?”

De Lycée Ermesinde huet de 05. Mäerz zesumme mam Radio 100,7 am Kader vun der “Journée de l’orientation” fir Schülerinnen a Schüler eng table ronde organiséiert. Titel vun der Gespréichsronn war “Wéi eng Plaatz fir di Jonk vun haut an der Aarbechtswelt vu muer?” Am ganze sechs Invitéeën - Experten a Kenner vun der Aarbechtswelt zu Lëtzebuerg – hunn de Schüler aus dem Lycée zu Miersch d’Realitéite vun der Aarbechtswelt méi no bruecht a versicht ze erkläre, wouropper et bei der Sich no enger passender Aarbecht an der haideger Zäit ukënnt.

Table Ronde Cannabis Bündnis


(Photo vum Paul Matzet)

Zanter deem d’Cannabis Bündnis d’läscht Joer gegrënnt gouf, ass d’Diskussioun ëm eng Legaliséierung vun der Substanz rëm en Thema an der Gesellschaft. Wou ass een drun bei de wëssenschaftleche Kenntnisser a wéi steet et um politesche Plang hei zu Lëtzebuerg? Op enger table ronde am Exit 07 (den 3. Februar), organiséiert vum Cannabis Bündnis, hunn Experten a Politiker sech mat deene Froe beschäftegt.

“Cannabis Bündnis” wëll d’nächst Joer Debat ausbreeden

D’Cannabis Bündnis wëll am neie Joer probéieren, d’Diskussioun iwwert eng Legaliséierung vum Cannabis (besonnesch fir medizinesch Zwecker) nach méi auszebreeden. Donieft wëll d’Cannabis Bündnis, eng Allianz vu Jugend-Parteien, an deem ausser d’LSAP, d’CSV an d’ADR all Partei hier Jugend-Partei dra vertrueden huet, hier gemeinsam Positioun nach méi kloer formuléieren.

“Aktiounsbündnis Cannabis” fuerdert Legaliséierung

Fir d’Populatioun an d’Politik iwwert Cannabis opzeklären hunn d’Jonk Demokraten, déi jonk Gréng, déi Jonk Lénk an di jonk Piraten den “Aktiounsbündnis Cannabis” an d’Liewe geruff. An den Ae vun de 4 Jugendorganisatioune vu Parteien, ass Cannabis eng Drog wéi Alkohol, déi besser bekämpft gëtt wann se legal ass.

Ugeschwat op d’Positioun vun der Regierung, d’Legaliséierung vu Cannabis wier keng Prioritéit, sot de Michael Agostini vun der JDL: “20.000 Mënsche konsomméieren zu Lëtzebuerg Cannabis an esou eng signifikativ Zuel kann ee net ignoréieren”.

Jugendparlament: Wéi eng Zukunft fir de Projet?

D’Decisioun vun der Jugendkonferenz fir de President vum Jugendparlament ofzesetzen stéisst net op Unanimitéit. Am Kär vun der Diskussioun steet d’Fro no der Ausriichtung vum Projet Jugendparlament.

Zesumme mat 3 anere Membere vum Jugendparlament huet d’Margot Delaunois gëschter en oppene Bréif un d’Press adresséiert: d’Decisioun vun der CGJL stéisst hei op Kritik. Eng Decisioun, déi net begrënnt gi wier, sou d’Margot Delaunois.

President vum Jugendparlament ofgesat

De President vum Jugendparlament an LSAP-Member Patrick Weymerskirch ass vum Daachverband vun de Jugendorganisatioune CGJL ofgesat, an aus dem Jugendparlament ausgeschloss ginn. Als Ursaach seet am 100,7 Interview de President vun der CGJL Maurice Losch, datt sech de Betraffenen net un d‘Spillregele gehalen hätt. Wat him genee virgeworf gëtt, wollt de Maurice Losch net soen. – De Patrick Weymerskirch, gehait der Jugendkonferenz en “Coup Monté” an eng perséinlech Attack géint hie fir, mam Ziel fir den Afloss vum Jugendparlament wëllen ze bremsen.

Besoins et attentes des jeunes en information

Afin de pouvoir continuer à proposer des réponses et des solutions adaptées aux besoins réels des jeunes en information, le Centre Information Jeunes (CIJ) a lancé un sondage au niveau national sur les nécessités des jeunes en information. L’enquête sonde leurs besoins et attentes en information, toujours en évolution, ainsi que leurs stratégies pour s’informer et leurs connaissances des services d’information spécialisés.

Pages