Vakanzenaktivitéiten 2015
36 Jonker tëschent 12 a 17 Joer hunn 2015 un den insgesamt 27 Aktivitéiten am Summer 2015 deelgeholl!

2015 huet d'Schëfflenger Gemeng an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus eng éischte Kéier d'Formatioun fir Animateuren fir d'Vakanzenaktivitéiten ugebueden. 11 Jonker hunn un 2 Weekender an engem Teamdag deelgeholl. Mir felicitéiueren hinnen zu hirem Diplom a wënschen hinne vill Erfolleg an hirer Aarbecht als Animateur.

Den 20. Mee 2015 huet d'Schëfflenger Gemeng en Job-Info-Dag organiséiert, wou Jugendlecher a jonk Erwuessener sech iwwert hir Méiglechkeeten an de Beräicher Schoulen, Ausbildung, Aarbecht an Engagement konnten informéieren. Mir soen de Patronen an Organisatioune Merci, déi sech deen Dag Zäit geholl hunn fir de Jonke Leit Fro an Äntwert ze stoen!

De 16. Mee 2015 huet d'Schëfflenger Gemeng fir eng 2. Kéier un der nationaler Nuit du Sport deelgeholl.
Nom Warm-up mëttes op der Gemengeplaz, gouf et Owes an enger ganzer Rei Atelieren a Statiounen vill verschidde Sportaarten ze entdecken. Iwwer 230 Leit haten sech ageschriwwen fir aktiv deelzehuelen! Organiséiert gouf den Dag vun der Jugendkommissioun an Zesummenaarbecht mat enger ganzer Rei Veräiner, deene mir villmols Merci soen fir hiren Engagement.

Och 2015 huet d'Gemeng nees 2 Babysitterformatiounen ugebueden. 39 Jonker hunn deelgeholl! Mir felicitéieren hinnen a wënschen vill Erfolleg an hirer Aarbecht mat de Kanner!