Bezierk Norden

Andy Maar

Andy Maar (34, vu Reiler), Informatiker

Nodeems ech am Minett opgewuess sinn an och do am LTE meng Ausbildung als Kommunikatiounselektroniker gemaach hunn, huet et mech virun elo 10 Joer an dat schéint Éislek verschloen. Mäi Brout verdéngen ech säit elo mëttlerweil 10 Joer als Informatiker fir de Justizministère.

Dasbach Angelika

Bonjour , mäin Numm ass Dasbach Angelika , di meescht Leit kenne mech ënnert dem Numm Angie ,

ech sinn 1969 zu Köln gebuer an hunn déi lëtzebuergesch Nationalitéit ,si bestuet an hunn zwee Kanner vun 18 a 14 Joer .

An menger Fräizäit schafen ech ganz gären am Bëtong a Keramik .

Mat mengen Deiere fannen ech den néidegen Ausgläich den ech vum Alldag brauch , ech beherbergen eng klengen Zoo a sinn aktiv am Déiereschutz .

Ech si selbststänneg Coiffeuse an hunn zënter 1994 mäin Coiffeurssalon zu Wooltz , am schéinen Norde vun eisem Land .