Bezierk Zentrum

Jeff Cigrand

Mäin Numm ass Jeff Cigrand.

Ech si BTSGP – Student an a menger Fräizäit informéieren ech mech iwwer d’Weltpolitik, sinn aktiv bei de Scouten a programméieren.

E Satz iwwert mech :

D’Welt ass net nëmme schwaarz a wäiss, net alles kann ee mat Jo an Nee beäntwerten. Mee zesumme kann een eng Léisung fannen.

Ech engagéiere mech politesch , well et kann einfach net wouer sinn, dass déi Jonk ignoréiert ginn an déi sougenannten “nei Medien” ëmmer méi ageschränkt gi just well e puer Leit et net wëlle verstoen.

Jil Michels

Mäin Numm ass Jil Michels.

Ech hu 35 Joer,sinn zu Lëtzebuerg gebuer an hu meng ganz Schoulen och hei zu

Lëtzebuerg gemaach. 20 Joer hunn ech Basket gespillt a sinn nach ëmmer Sport begeeschtert

(Yoga,Lafen an an an). Musek,Konscht a Frënn a Famill dierfen och am Alldag

net feelen. Ech wunnen a schaffen an der Staat an huelen all Dag de Bus oder

de Véloh fir a mäin Buttek. Ech sinn definitiv motivéiert a mir net ze schued fir

mech fir Iech an ze setzen. Ech si realistesch an oppe fir Kritik an nei Ideen.

Sven Cannivy

Mäin Numm ass Sven Cannivy. 

Zanter 2015 sinn ech Software-Entwéckler bei enger grousser Firma zu Contern.

A menger Fräizäit maachen ech gäre Sport, Schwammen eleng a Volleyball mat Kollegen. Doriwwer eraus sinn ech am Beräich E-Sports hei zu Lëtzebuerg aktiv. Netflix an “chillen” sollen do awer och net ze kuerz kommen.

Ech sinn e jonke Mënsch dee säi Wee an der grousser Welt fënnt. Ech kucke gären iwwert den Tellerrand a si kee Frënd vu willkürleche Grenzen.

Georges Schweich

Mäin Numm ass  Georges Schweich, ech si gescheet a Papp vun engem Kand

Mäin Brout verdéngen ech als Handwierker a Chef vum Wasserservice vu Sandweiler.

A menger Fräizäit maachen ech Radio (President vun Airfm24) an ech hunn eng grouss Passioun fir de Motorsport, Oldtimer Treffen a speziell US Cars. Ech kachen, reesen an fotograféieren och gär.
Donieft hëllefen ech aktiv beim CGDIS.

Ech engagéiere mech politesch, well ech gär dozou bäidroe well,

fir verschidde Saachen hei am Land ze veränneren.

Meng 3 bzw. 4 politesch Schwéierpunkttheme sinn :

Pascal Clement

Ech engagéiere mech politesch well ech d’Zukunft wëll aktiv matgestalten.

Mäin Numm ass Pascal Clement.
Ech hunn 58 Joer Liewenserfarung, dovu méi wéi 30 Joer Beruffserfarung am Bankensektor a 25 Joer Bühnenerfarung als Zauberkënschtler.

Zënter elo bal 2 Joer sinn ech ‘haaptberuffleche’ Benevole a këmmere mech em Mënschen a Nout.

Ech engagéiere mech, als Bierger an als Politiker, wëll ech net einfach well no kucken, mä selwer aktiv zu engem besseren a respektvolle Mateneen ouni Viruerteeler wëll bei droen.