Branchen
CaraPio Wandrousen
Et get erëm CaraPio Wandrousen am Shop
Formatiounsdag zum Thema Nohaltegkeet gouf ofgesoot
Léif Bibercheftainen a Bibercheffen,
Aus Mangel un Umelldungen hu mer eise Formatiounsdag zum Thema Nohaltegkeet leider missen ofsoen.
Mir probéieren zu engem spéideren Zäitpunkt dëss Formatioun nach eng Kéier unzebidden.
Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
Är Biberekipp
RAP Versammlung gouf ofgesoot
Léif Bibercheftainen a Bibercheffen,
Aus Mangel un Umelldungen hu mer eis Versammlung zum Thema RAP leider missen ofsoen.
Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
Är Biberekipp
Slov’It 2020 – Info 2 – Umeldung & 1. Acompte
Léif Cheftaine, Léiwe Chef,
D’Virbereedunge lafen op Héichtouren. Dat kann nëmmen e gudde Camp ginn.
Mir hunn decidéiert den Delai fir déi definitiv Umeldung an den 1. Acompte vun 150€ pro Persoun fir de “Slov’It 2020 Back to Nature” bis den 20. Dezember 2019 ze verlängeren.
Wann dir iech nach net ugemellt hutt, da maacht dat w.e.g. um Site vun de CaraPio iwwert dëse Formulaire (bis den 20.12.2019).
Slov’It 2020 – Info 1 – Back to Nature
Léif Cheftaine, Léiwe Chef,
2020 gëtt e gutt Joer! Et gëtt erëm en nationale CaraPio-Camp organiséiert an dir däerft bei dësem sensationellen Evenement mat dobäi sinn.
Dir sidd nach am Campfeeling well dir grad eréischt erëm sidd, genau de richtege Moment fir ze decidéieren, wéi et weider geet.
Wéi dir zanter dem leschte Chefdag wësst, plange mir an d’Bierger a Slowenien ze goen.
Op dëser Säit fannt dir elo déi éischt Informatiounen.
Kuckt iech dat un, iwwerleet iech op dat eppes ass, fir är Trupp, fir nächste Summer a mellt iech un.

Spiri-Koffer fir d’Biber
EMFRO:
Léif Cheftainen a Chef,
Mir sin am gaang ee Spiri-Koffer, dat heescht eng Art pädagogesche Koffer, auszeschaffen, deen dir an äre Famillje kënnt benotze fir är spirituell Aktivitéiten ze plangen.
Eier mer awer lo mat enger konkreter Ëmsetzung vun dem Koffer weidermaachen, wëlle mer iech kuerz em är Meenung froën. Dofir wäre mir frou, wann dir folgende Formulaire ausfëlle kinnt.
Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
Är Chefekipp
.
CaraPio STIP gëtt verréckelt
Mir wëllen iech heimadder matdeelen dass de geplangte CaraPio STIP vum 25.10.-27.10.2019 wéinst aktuellen Emstänn op e spéideren Datum am Scoutsjoer verluet gëtt.
Soubal den neien Datum festgeluecht ass gitt dir natierlech nees vun eis kontaktéiert.
Merci fir äert Engagement a Versteesdemech,
Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss
d’Team