Branchen

Biber- a Wëllefchersandacht

Léif Biber, léif Wëllefcher,
Léif Cheftainen a Cheffen,

Och dëst Joer ass eis Biber- a Wëllefchersandacht erëm Samsdes mëttes, an zwar de 25. Mee 2019, an der Kathedral.

Mir hu fir iech flott Spiller an Aktivitéite virun der Andacht virbereed. Et ass also eng flott Méiglechkeet är Versammlung an d’Stadt ze verleeën!

Rendez-Vous ass um 15:00 Auer um Parvis vun der Kathedral. D’Andacht fänkt um 17:00 Auer un.

Mellt äre Ruddel oder är Famill bis de 15. Mee 2019 iwwert folgende online-Formulaire un.

Mir freën eis op ee schéine Nometteg mat iech!

Eng Wuecht am Forum fir zäitgenëssesch Konscht

Wat ?

D’RaRo Ekipp invitéiert den 30. Mäerz 2019 op

Eng Wuecht am Forum fir zäitgenëssesch Konscht

De Casino an der Staat gehéiert eng Nuecht laang de RaRo.

Dësen Event ass Deel vun der Ausstellung „Buveurs de quintessences“ an d’Idee fir d’Wuecht geet vum ungaresche Kënschtler Janos Sugar sengem Wierk „Fire in the Museum“.

Bibertreff 2019 – Éischten Infobréif

Léif Bibercheftainen a Bibercheffen,
Léif Biber aus dem ganze Land,

Endlech ass et erëm souwäit. No enger klenger Paus fënnt 2019 erëm e Bibertreff statt. Dobäi handelt et sech em ee Rallye fir d’Biber aus dem ganze Land, dee vun engem lokale Grupp organiséiert gëtt.

De Bibertreff 2019 fënnt zu Clierf statt, Samsdes, den 29. Juni 2019.

Éischt wichteg Informatioune fënns du am éischten Infobréif: Bibertreff 2019 – 1

Lancement 2018

Léiwe Clanchef, léif RaRo,

 

Byebye Senegal a Roverway , hello Scoutsjoer 2018/2019. De Weekend de Lancement steet virun der Dier mat neien an alen Gesiiter.

Ënnert dem Motto “Wild 90’s” erwaarden mer vun iech, dass der eis weist wei kuhl ären Clan / Raro ass. Weist wei gutt är 90’s Kentnisser sinn an wat den Kleederschaf vun ären Elteren nach vun “90’s feeling” hiergëtt.

90’s hin oder hier : Dir kënnt iech eraus sichen op dir am Zelt op der Wiss (Zelt matbréngen) oder am Chalet schlofen wëllt an eenzel RaRo ouni Clan sinn natierlech häerzlech wëllkomm.

Pages