Branchen

Pistebichelchen online

Léif Wëllefcherschef,

dëst als kleng Erennerung datt am Shop keng Pistebichelcher méi sinn. A wéint dem RAP och keng méi aus dëser Editioun bestallt ginn.

Dir kënnt des iwwer www.lgs.lu ob der Säit vun de Wëllefcher awer eroflueden.

Merci fir är Matarbecht an äert Versteesdemech,
är Wëllefchersekipp

[FR]
Chers chefs louvetaux,

Nous vous rappelons qu’il n’y a plus de „Pistebichelcher” pour vos louvetaux en vente dans notre shop. Pour cause de renouvellement du programme (RAP), une nouvelle commande n’est pas envisagée.

Roverway 2018 – Opposites Attract

De Roverway versammelt eng 3000 Guiden a Scouten vun iwwer 20 Länner a gëtt organiséiert vun der “European Scout Region” vum Weltverband vun de Scouten (WOSM) a Guiden (WAGGGS).

Wou

De Roverway gëtt vun den Hollänesche Scouten organiséiert an zesummenarbecht mat der “European Scout Region”.

Wéini

Vum 23. Juli bis den 02. August 2018.

Wien

Fir all Guiden a Scouten (RaRo) tëscht 16 an 22 Joer.

Präis

Fir RaRo 690 € a fir IST’s 460 €

WE de Lancement 2017

Weekend de Lancement: “Liga vu den außergewéihnlechen Raro”

Léiwe Clanchef, léiw RaRo,

Byebye GO Urban, hello GO Scoutsjoer 2017/2018. De Weekend de Lancement steet virun der Dier mat neien an aalen Gesiiter.

Ënnert dem Motto “Liga der außergewöhnlichen Raro’s” erwaarden mer vun iech, dass der eis weist aus welchem Holz ären Clan / Raro geschnitzt ass. Weisst waat der kennt a demonstréiert är Superkräften (Barkompetenz ass keng Superkraft!). Beweisst bei ärem Ukommen, datt der zou eiser Liga geheiert.

Absurd-Cup 2017 zu Bartreng

ABSURD-CUP 2017 ZU BARTRENG

Wéi bal all Joer invitéieren mir erëm op den Absurdcup, dat si Spiller ouni Grenze,n déi organiséiert ginn fir d’AvEx (11-14 Joer) aus dem ganzen Land.

Wéini? Sonndes den 13. Mee vu 10:00 bis 17:00

Wou? Zu Bartreng beim Home an der rue de la Fontaine

Fir ween? All d’Avextruppen aus dem Land

CaraPio Funkraid 2018

CaraPio National–Aktivitéit

Wat ass dat ?

Een Nuets – Hike mat Funk – Guidage an der Traditioun vun « Night-Raid’er » , « Nightmare’chen », « Night-in-gale », « Night-Date » an « Woodart-Night» vun der CaraPio Equipe oder vläit anescht ausgedréckt:

Crashcours an Orientatioun (Kaart an Kompass) Crashcours an Funkkommunikatioun Orientéirungslaaf  bei all Wieder duerch d’Land Gruppenchallenge an klengen Ekippen 4-6 Leit Een Erliefnis wat sécher hänken bleift

Fir wien?  

Wëllefchersrallye 2017 zu Réimech

Léif Cheftainen a Chefs,

 

Wéi dir villäicht schonn um Chefdag héieren hutt, ass dëst Joer de Wëllefchersrallye den 28. Mee 2017 zu Réimech bei eiser schéiner Musel.

 

D´Maskottchen vum Réimecher Grupp, de Cuni, ass bei engem vu senge Versich duerch d´Zäit ze reesen hänke bliwwen a brauch är Hëllef fir erëm an d´Joer 2017 zréck reesen ze kennen.

Mir sinn op är Hëllef ugewisen fir em Cuni seng Zäitmaschinn ze flécken.

 

JoCaPi 2017 zu Bartreng

Léif CaraPio Cheffen,

D’Lescht Joer hu sech d’Bartrenger CaraPio zu Eschduerf richteg druginn an och gewonnen! Domat hu mir och elo déi grouss Éier d’JoCaPi 2017 z’organiséieren.

Dofir ass dëss kéier d‘JoCaPi den 14. Mee 2017 zu Bartreng! 

Dat Ganzt wäert 13 € op de Kapp kaschten a mat abegraff ass moies de Kaffi, e waarmt Mëttegiessen en e flotte Badge.

Iwwerweist weg. den entspriechende Betrag mam Vermierk „JoCaPi 2017 + Numm vun der Grupp“ op folgende Kont:

CaraPio Bartreng, CCPL LU10 1111 1773 4832 0000

Pages