WE de Lancement 2017
Weekend de Lancement: “Liga vu den außergewéihnlechen Raro”
Léiwe Clanchef, léiw RaRo,
Byebye GO Urban, hello GO Scoutsjoer 2017/2018. De Weekend de Lancement steet virun der Dier mat neien an aalen Gesiiter.
Ënnert dem Motto “Liga der außergewöhnlichen Raro’s” erwaarden mer vun iech, dass der eis weist aus welchem Holz ären Clan / Raro geschnitzt ass. Weisst waat der kennt a demonstréiert är Superkräften (Barkompetenz ass keng Superkraft!). Beweisst bei ärem Ukommen, datt der zou eiser Liga geheiert.