camp

Europäesche Jamboree ass op 2021 verréckelt ginn

Moien,

Den CMT vum Lëtzebuerger Contingent informéiert dass den Europäesche Jamboree op 2021 verréckelt ginn ass, wéinst der COVID-19-Kris.

D’infoen fannt dir op den Site vum Contingent: https://ej2020.sil.lu/downloads/

Léif Gréiss

LGS International Ekipp

OPRUFF: Maskebitzaktioun

Léif Guiden a Scouten,
Léif alleguer,

Am Kader vun der Kris ëm de Coronavirus rifft d’Cellule de Crise vun der Regierung d’Leit op doheem Masken ze bitzen.

Mir sichen, zesumme mat der Cellule de Crise vun der Regierung an der FNEL, Fräiwëlleger, déi des Maske bitze kéinten.

Am PDF hei ënnen fannt dir eng genau Erklärung wéi dëst funktionéiert, an och en Erklärungsvideo.

Am Viraus e ganz décke Merci un Iech alleguer fir är Mathëllef

 

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

FNEL Scouten A Guiden

LGS – Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Pages