camp

OPRUFF: Maskebitzaktioun

Léif Guiden a Scouten,
Léif alleguer,

Am Kader vun der Kris ëm de Coronavirus rifft d’Cellule de Crise vun der Regierung d’Leit op doheem Masken ze bitzen.

Mir sichen, zesumme mat der Cellule de Crise vun der Regierung an der FNEL, Fräiwëlleger, déi des Maske bitze kéinten.

Am PDF hei ënnen fannt dir eng genau Erklärung wéi dëst funktionéiert, an och en Erklärungsvideo.

Am Viraus e ganz décke Merci un Iech alleguer fir är Mathëllef

 

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

FNEL Scouten A Guiden

LGS – Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Positioun zum Opruff iwwer Plattform GovJobs

Positioun zum Opruff iwwer Plattform GovJobs

Léif Guiden a Scouten

Wéi dir sécher matkritt hutt gëtt ab de Méinden, 23.Mäerz 2020 eng Plattform iwwer govjobs fräigeschalt wou een sech ka melle fir seng Hëllef unzebidden an der Corona Krisenzäit. Hei ka jidderee perséinlech sech melle selon les Besoins.
Mir, de Verband vun de LGS, mussen iech awer op eenzel Punkten hiweisen:

LGS Aktivitéitsbox

D´PR-Ekipp huet an de läschte Wochen a Méint fläisseg un der Aktivitéitsbox geschafft, déi dir an der Chefbox kennt fannen nodeems dir iech ageloggt hudd.

An der Aktivitéitsbox welle mir ganz vill verschidden Aktivitéiten zesummendroen, an dësst mat der Hëllef vun eise lokale Gruppen. Fir daat ganzt méi iwwersiichtlech ze haale kennt dir d´Aktivitéite filteren, je nodeem waat dir genau sicht. Et besteeht d´Méiglechkeet no Branche, Zäit, Plaz, Persounen, Typ a Land ze filteren.

Neie Partner fir Bus- a Gruppereesen

Säit Ufank vum Joer 2020 hunn d´Lëtzebuerger Guiden a Scouten en neie Partner am Beräich Bus- a Gruppereesen, d´Firma Voyages Vandivinit vun Ellange/Mondorf.

Voyages Vandivinit wäert selbstverständlech de lokale Gruppe fir all Ufroen zur Verfügung stoen a bitt attraktiv Tariffer fir Bus- a Gruppereesen un. Heimat wëlle mir Iech déi verschidden Email Adresse matdeele fir un sie ze kommen:

COVID-19 (Coronavirus)

**************************************************************************************

Wéinst der aktueller Situatioun Coronavirus sin des Aktivitéiten ofgesot.

      27.03.2020    Kick off Bealtaine 2020

 28-29.03.2020    Zero Waste Weekend fir CaraPio

 07-11.04.2020    Working Camp 2020

**************************************************************************************

Pages