camp

Workshops fir de Kanudag 19.09.2020 am Mariendall gesicht

Léif Chef/tainen,

och dëst Joer wëlle mir erëm e flotten, ofwiesslungsräiche Kanudag fir iech plangen. Hutt dir als Grupp Loscht, selwer ee kuerze Workshop (ca. 1 Stonn) ze halen?  D’Themen sollen d’Beräicher Outdoor/Adventure, Natur an Kreativitéit ofdecken a fir all Branche op sinn.

Mellt iech bis de 06. Abrëll beim Marlen. (Marlen.oldenburg@lgs.lu)”

Illustrateur gesicht!

Fir eng nei Campagne sichen d´Lëtzebuerger Guiden a Scouten eng Persoun déi bereed wär Illustratiounen/Motiver ze gestalten. Mir sinn umgaangen en neie Gadget (Kaartespill) auszeschaffen an eng Campagne op de soziale Medien ze preparéieren, woufir nach Illustratioune musse gemoolt an digitaliséiert ginn. D´Thema vun dëser Campagne souwéi den Aufgabeberäich deele mir dir op Nofro hin gäere mat.

Du zeechens an dénger Fräizäit gäeren Illustratiounen oder schaffs esouguer professionnel an dem Beräich? Da mell dech elo bei der PR-Ekipp a geff en Deel vun desem Projet.

Bonne Action – Coronavirus

Verschidden LGS Gruppe bidden hier Hëllef un. Dës Lëscht gëtt reegelméisseg aktualiséiert.

Wann däi Grupp och hëlleft da mell dech op ba@lgs.lu fir dat mir d’Lëscht aktualiséiere kënnen.

Sprang bei d’Dachs Gestallte Froen a weider Informatioune fir eis Gruppen

D’Zentral ass erreechbar iwwert den 26 94 84

Challenge: World Thinking Day 2020

Maach mat a verdéng däin Badge!

Léif Guiden a Scouten,

Wei all Joers féieren mir den World Thinking Day! Dëst ass den Gebuertsdag vun der Lady (a Robert) Baden Powel. Weltwäit gett dëst ënner Guiden a Scouten gefeiert säit 1926! Sief dëst Joer mat dobäi a kuck deno ob wagggs.org wei déi aner Gruppen dëst gefeiert hunn!

Pages