camp

Gilwellcamp am August 2020 an der Schwäiz

Léif Chef a Cheftainen,

Wéi s du et villäicht weess, fënnt dëst Joer nees e Gilwellcamp statt. De Gilwell ass eng fakultativ a perséinlech Formatioun fir all Chef iwwer 20 Joer, deen de STAP gemaach huet an es nach net genuch huet…

Dëst Joer fuere mir op Buchs (St. Gallen ) an d’Schwäiz, wou mir eis vum 22. bis den 29. August mam Thema “Haltung vum Chef” befaassen. Donieft ginn et eng Partie sportlech a kulturell Aktivitéiten an der Schwäiz an am Liechtenstein a mir bereeden eis Kandidaten op de Woodbadge vir.

Formatiounsdag zum Thema Nohaltegkeet gouf ofgesoot

Léif Bibercheftainen a Bibercheffen,

Aus Mangel un Umelldungen hu mer eise Formatiounsdag zum Thema Nohaltegkeet leider missen ofsoen.

Mir probéieren zu engem spéideren Zäitpunkt dëss Formatioun nach eng Kéier unzebidden.

 

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

Är Biberekipp

MOOT 2021: 1. Newsletter

Léif Guiden a Scouten,

Geschwënn ass et nees esou wäit : WOSM invitéiert all Rover op den nächsten WORLD SCOUT MOOT 2021 an IRLAND. An dëser Newsletter fannt dir all wichteg Informatiounen iwwert den Jamboree selwer a wéi dir iech umellen kennt fir dësen super Camp zesumme mam Lëtzebuerger Contingent vum SIL ze erliewen.

Hei déi éischt Newsletter vum Letzebuerger Contingent :

Newsletter Nr 1

Géisserei wärend der Chrëschtvakanz

Mir wollten iech informéieren dass d’Büroe vun der Géisserei vum 21ten Dezember 2019 bis den 01ten Januar 2020 zou sinn.

Ab dem 02ten Januar si mir wéi gewinnt nees fir iech do.

D’Ekipp aus der Géisserei wënscht iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer. 

Presentatioun Centre Mariendall SNJ

Léif Scoutecheffen,

Mir hunn eis iwwer äre Besuch bei eis am Jugendzenter Märjendall, am Kader vum Festival Mosaik,

gefreet a mir hoffen dir hutt e flotten Dag bei eis verbruecht!

Well mir oft gefrot gi sinn, wat mir op eisem Site eigentlech ubidden, schécke mir iech heimadder e puer

Informatiounen zu de Méiglechkeeten déi sech iech am Jugendzenter Märjendall fir Aktivitéite mat äre

Scoutsgruppen um lokalen Niveau bidden.

Am Mariendall fannt dir:

Slov’It 2020 – Info 2 – Umeldung & 1. Acompte

Léif Cheftaine, Léiwe Chef,

D’Virbereedunge lafen op Héichtouren. Dat kann nëmmen e gudde Camp ginn.

Mir hunn decidéiert den Delai fir déi definitiv Umeldung an den 1. Acompte vun 150€ pro Persoun fir de “Slov’It 2020 Back to Nature” bis den 20. Dezember 2019 ze verlängeren.

Wann dir iech nach net ugemellt hutt, da maacht dat w.e.g. um Site vun de CaraPio iwwert dëse Formulaire (bis den 20.12.2019).

Pages