camp

Wëllkomm Guillaume Feier fir RaRo a Chef

Un all RaRo a Chef,

De Freiden den Owend vun 19h30 un feiere mer onsen neie Chefscout nach richteg weider a relaxem Kader mat Feier, Gegrills, Fritten an Trallala.
Kommt zu vill, fir zesummen mat alle RaRo a Chef bis spéit an den Owend eran ze feieren …

Bei Froën, mell dech roueg bei programm@lgs.lu

CaraPio Funkraid 2020

CaraPio National–Aktivitéit 

Wat ass dat ?

Een Nuets – Hike mat Funk – Guidage an der Traditioun vun « Night-Raid’er » , « Nightmare’chen », « Night-in-gale », « Night-Date », « Woodart-Night»,  « eXtrem Night» an « eXtrem Night reloaded» vun der CaraPio Equipe oder vläit anescht ausgedréckt:

CaraPio News

Léiw CaraPio Cheftaine,

Léiwe CaraPio Chef,

Heimadder wëll ech der matdeelen, dat ech meng Charge als CaraPio Kommissär démissiounéiert hun.

Duerch Meenungsverschiddenheeten, zweschent dem Team a mir, wor/ass et nët mi Méiglech meng Aufgab als CaraPio Kommissär sou ze maachen wi et menger Fiirstellung vun dem Posten entsprecht. All weider Detailer kanns de an menger Demissioun noliesen.  (Demissioun CaraPio Kommissär.pdf)

Kongress de 16. Oktober 2019

Léif Guiden a Scouten,
léif Cheftainen a Cheffen,

Dëst Scoutsjoer feiert de Grupp Saint Paul Bieles säi 75 Joer Bestoen. Dofir si mir frou iech um Kongress begréissen ze däerfen.

Kongress
De Kongress ass ee Mëttwoch den 16. Oktober am Artikuss zu Zolwer. (KUSS, Kultur- a Spotszentrum, Rue Jean Anen L-4413 Soleuvre (Zolwer)

Gare Bieles-Zolwer ass op 400 Meter vum Artikuss ewech an a 5 Minutten zu Fouss ze erreechen. Wann dir awer mam Auto kommt, da fannt dir um Site vum Kultur- a Sportzentrum verschidde Parkinge mat genuch Parkplazen.

Pages