Cannabis

Medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg

Mat der kommender Legaliséierung vum Cannabis soll vun der Produktioun bis zum Verkaf alles iwwert de Staat gereegelt ginn. Dëst ass aktuell beim medezinesche Cannabis awer laang nach net de Fall, an dofir wëlle mer vun der Regierung wëssen, wéi hir Strategie hei ausgesäit an op hei scho konkret Schrëtt ënnerholl gi sinn.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro.

Table Ronde Cannabis Bündnis


(Photo vum Paul Matzet)

Zanter deem d’Cannabis Bündnis d’läscht Joer gegrënnt gouf, ass d’Diskussioun ëm eng Legaliséierung vun der Substanz rëm en Thema an der Gesellschaft. Wou ass een drun bei de wëssenschaftleche Kenntnisser a wéi steet et um politesche Plang hei zu Lëtzebuerg? Op enger table ronde am Exit 07 (den 3. Februar), organiséiert vum Cannabis Bündnis, hunn Experten a Politiker sech mat deene Froe beschäftegt.

“Cannabis Bündnis” wëll d’nächst Joer Debat ausbreeden

D’Cannabis Bündnis wëll am neie Joer probéieren, d’Diskussioun iwwert eng Legaliséierung vum Cannabis (besonnesch fir medizinesch Zwecker) nach méi auszebreeden. Donieft wëll d’Cannabis Bündnis, eng Allianz vu Jugend-Parteien, an deem ausser d’LSAP, d’CSV an d’ADR all Partei hier Jugend-Partei dra vertrueden huet, hier gemeinsam Positioun nach méi kloer formuléieren.

“Aktiounsbündnis Cannabis” fuerdert Legaliséierung

Fir d’Populatioun an d’Politik iwwert Cannabis opzeklären hunn d’Jonk Demokraten, déi jonk Gréng, déi Jonk Lénk an di jonk Piraten den “Aktiounsbündnis Cannabis” an d’Liewe geruff. An den Ae vun de 4 Jugendorganisatioune vu Parteien, ass Cannabis eng Drog wéi Alkohol, déi besser bekämpft gëtt wann se legal ass.

Ugeschwat op d’Positioun vun der Regierung, d’Legaliséierung vu Cannabis wier keng Prioritéit, sot de Michael Agostini vun der JDL: “20.000 Mënsche konsomméieren zu Lëtzebuerg Cannabis an esou eng signifikativ Zuel kann ee net ignoréieren”.