Bleift och doheem am grénge Beräich!
Suchtpreventioun an Zäite vum COVID-19
Duerch déi aktuell Situatioun huet sech den Alldag vun deene meeschte vun eis geännert. Duerch de “Social Distancing”, d’Betreie vun de Kanner, der Angscht virun enger Infektioun vun eis oder eise Léifsten an och finanziell Ängscht, si verschidde Leit an enger Situatioun vu Stress oder Angscht. Dëse Changement vun eise Routinnen huet och een Afloss op eis Gesondheet.