circl

Wann d’Täscheluucht telefonéiere wëll …

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert een Thema, bei dem dem engem oder aneren eng Luucht wäert opgoen. Eng Täscheluucht ass eng praktesch Erfindung, zum Beispill wann een dobaussen am Däischteren eppes muss sichen oder wann de Stroum ausfält an een d’Sécherungskëscht ënnersiche muss.

De neie Smartphone sécher maachen

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut wëll ech mat iech iwwert äre néie Smartphone schwätzen. Wahrscheinlech louch esou een Apparat bei net wéinege vun iech ënnert dem Beemchen. Och wann dir ären Handy scho bësse méi laang hutt, sou stellt sech dann ëmmer d’Fro, wéi sécher déi Donnéeë sinn, déi op ärem Gerät gespäichert sinn. Dofir maache mir haut den Sécherheetscheck fir Android-Smartphones. Déi meescht Tipps gëllen awer och fir d’Geräter vun Apple.

Joresréckbléck 2015

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut kucke mir zesummen op 2015. Wéi all Joers huet een d’Gefill, d’Zäit wier séier vergaangen, dofir ass et sécher eng gutt Iddi, d’ BEE SECURE-Joer nach eng Kéier Revue passéieren ze loossen. Am éischte BEE SECURE vun 2015 huet d’Anne eis iwwert seng gutt Virsätz fir dat néit Joer erzielt an eis Apps gewisen, déi engem dobäi hëllefe kënnen, sou gutt Virsätz och anzehalen an den „inneren Schweinehund“ an de Grëff ze kréien.

Geféierlech Fracht

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert een Thema, dat am Fong schonn an Vergiessenheet gerode war, elo awer zu néier Aktualitéit komm ass. Riets ass vun sougenannte Makro-Viren. Dat sinn keng riseg Krankheetserreger, mä Schuedprogrammer, mat deenen äre Computer zu Zombien an engem Botnetz oder dir erpresst kënnt ginn.

Gedeelt Freed, gedeeltent Leed

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir nach eng Kéier iwwert Cloud. Ech hat iech déi aktuell Campagne vu BEE SECURE, den Clever Cloud User, jo schonns virgestallt. Mä haut wëll ech da méi genee op een vun deene wichtegsten Themen an der Cloud agoen. Nämlech dem Deelen oder op englesch: Sharing.

Pages