circl

BEE CREATIVE!

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech ausnahmsweis mol net iwwert Problemer, déi een mat Computern, Smartphones oder dem Internet kann hunn. Haut geet et nämlech iwwert d’Méiglechkeet, selwer kreativ mat Technik ëmzegoen.

BEE SECURE huet nämlech säit e puer Deeg offiziell eng Schwesterinitative. Déi nennt sech BEE CREATIVE an huet zum Ziel, Jonker zu Lëtzebuerg op eng spilleresch Aart a Weis bäizebréngen, mat Technik ëmzegoen.

Liest däin Handy deng SMS?

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut geet et ëm eng Sécherheetslück, déi zwar nach net bei eis akut ass, mä et awer gi kéint. Et soll 18.000 Apps fir Android ginn, déi d’Méiglechkeet hunn, är SMSen auszespionéieren. D’Saach ass nämlech déi: Wann een Apps fir Android programméiert, schreift een net ëmmer all Deel vum Programmcode selwer. Dat wier ze opwänneg, an dofir ginn et sougenannt Software Development Kits, ofgekierzt SDK. Lo gëtt et awer een sou een SDK, deen heescht Taomike. Am Fong ass deen dofir do, fir Reklammen unzewéisen an In-App-Akeef ze reegelen.

Mam Kapp an der Cloud?

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert Cloud, déi och Thema vun der aktueller BEE SECURE-Kampagne ass. Dir sollt also net den Kapp an de Wolleken hunn, mä clever Cloud User ginn. Mä komm mir fänke vu vir un: Wat ass d’Cloud iwwerhaapt?

Wat sinn Copyright an Creative Commons?

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert Copyright. Dat ass een Thema, dat eis am Internet stänneg begéint an dat zimlech komplizéiert ass. Fréier, wou déi meescht Medien nach analog waren, war dat mam Copyright méi einfach: fir eng Kopie ze maachen, huet een een physesche Support wéi zum Beispill een Tounband gebraucht. Dementspriechend war et och méi schwiereg, eng illegal Kopie ze maachen. Haut gi vill Medien digital verbreed, an et kascht quasi näischt, fir eng Kopie ze maachen.

Pages