Copyright

SpontanDEMO géint d’EU-Copyrightdirektiv

Den Dënschden ass déi nei EU-Urheberrechtsdirektiv gestemmt ginn an domat wäert se a Kraaft trieden. Mat dëser Trauerdemo op der Plëss ruffe mir Iech alleguer op laanscht ze kommen a fir den Dout vum Internet ze traueren. Dir kennt op de Podium klammen, ären Disagreement haart ausdrécken an domat den […]

Wat sinn Copyright an Creative Commons?

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert Copyright. Dat ass een Thema, dat eis am Internet stänneg begéint an dat zimlech komplizéiert ass. Fréier, wou déi meescht Medien nach analog waren, war dat mam Copyright méi einfach: fir eng Kopie ze maachen, huet een een physesche Support wéi zum Beispill een Tounband gebraucht. Dementspriechend war et och méi schwiereg, eng illegal Kopie ze maachen. Haut gi vill Medien digital verbreed, an et kascht quasi näischt, fir eng Kopie ze maachen.