Divers

Kongress de 16. Oktober 2019

Léif Guiden a Scouten,
léif Cheftainen a Cheffen,

Dëst Scoutsjoer feiert de Grupp Saint Paul Bieles säi 75 Joer Bestoen. Dofir si mir frou iech um Kongress begréissen ze däerfen.

Kongress
De Kongress ass ee Mëttwoch den 16. Oktober am Artikuss zu Zolwer. (KUSS, Kultur- a Spotszentrum, Rue Jean Anen L-4413 Soleuvre (Zolwer)

Gare Bieles-Zolwer ass op 400 Meter vum Artikuss ewech an a 5 Minutten zu Fouss ze erreechen. Wann dir awer mam Auto kommt, da fannt dir um Site vum Kultur- a Sportzentrum verschidde Parkinge mat genuch Parkplazen.

Team Lëtzebuerg Magazin 25.07.2019

Den Ament ass de European Youth Summer Olympic Festival zu Baku am Aserbaidschan. Dësen ass fir Sportler tëscht 14 an 18 Joer geduecht. Vill spéider olympesch Goldmedailegewënner haten am Ufank vun hirer Carrière um europäeschen olympeschen Jugendfestival deel geholl. Soumat ass dësen e grousst Sprangbriet fir déi jonk an ambitionéiert Athleten, Max Kerschen.

https://www.rtl.lu/radio/cosl-magazin/s/2771767.html

Pages