Divers

Infoblat 01/2018

 

Léif Cheftaine, léiwe Chef,

Op https://statuten.lgs.lu/artikeln-propose/ fann Dir eisen aktuelle Stand zu der Statutenännerung.
Mir hunn eis wärend dem leschte Scoutsjoer Gedanke gemaacht iwwert déi nei Statuten an och verschidden Artikele schonns geschriwwen.
Et ass eng Propose respektiv een Aarbechtsdokument vun eis, an op kee Fall déi endgülteg Fassung vir d’ Statutenännerung.

Mir sichen Dech

Viru 13 Joer huet alles mam Bau vum Keltenhaus um Neihaischen ugefaangen.2008 gouf d’Keltenhaus mam éischte Bealtaine-Festival ageweit. Et war de Start vum Projet Native Village, un deem säit elo 10 Joer e puer dausend Jonker deelgeholl hunn. Si konnten während engem oder méi Deeg vill flott, spannend a léierräich naturpädagogesch Aktivitéite matmaachen.

Pages