Divers

Geocoin – Bestellung

[:lb]Fir de Go|Urban wäerten eng Réi Cachen erauskommen, déi an Zesummenaarbecht mat Geocacher ausgeschafft a geluecht ginn.
Fir un de Camp ze erënneren an dës Zesummenaarbecht ze ënnersträichen, wäert eng Geocoin a Form vum Camplogo gemaach ginn. Eng Geocoin ass eng Mënz, op där e Code dropsteet, déi ee kann a Geocache verstoppen. Gëtt een dëse Code bei geocaching.com an, da gesäit een, wéi eng Rees dës Mënz gemaach huet, a wien se schonn alles gesinn huet.

Last Call fir SoftshellsLast Call fir Softshells (only for luxembourgish staff)Last Call fir Softshells (Nur für luxemburgische Staff-Mitglieder)Last Call fir Softshells (seulement pour STAFF luxembourgeois)

[:lb]Last Call fir Softshells -Bestellung just nach bis den 29.04.2017

Falls dir nach wëllt e Go|Urban Softshell musst dir dee spéitstens bis den 29.4.2017 bestellen, duerno kritt dir leier kee méi.

Gitt dofir einfach bei de „ Freelanders“ an den neien Deel vun der Belle Etoile. Probéiert do är Gréisst un a bestellt äre Softshell fir 35 Euro. Et gi Fraen a Häremodeller vun XS-4XL.

 

[:]

STAFF Newsletter Abrëll (nëmmen fir Lëtzebuerger Staff)STAFF Newsletter April (Only for luxembourgish staff)STAFF Newsletter April (Nur für Luxemburger Staff-Mitglieder)STAFF Newsletter Avril (seulement pour Staff luxembourgeois)

[:lb]Salut 

mir invitéieren iech häerzlech op en Patt op eisem Staff Owend, Méindes den 24. Abrëll  ab 18.00 am “De Gudde Wëllen”.

 

FAQ

Wou genee?

“De Gudde Wëllen” 17, Rue du St Esprit, 1475 Luxembourg

Wéini war dat elo?

Méindes, den 24. Abrëll 2017 ab 18.00 bis mer eraus gehäit ginn.

Firwat Méindes?

Méindes hunn mer “De Gudde Wëllen” fir eis eleng an stéieren also keng aner Leit:)

De Shop ass ausnahmsweis zou den 29.04. an de 04.05.2017

Ouvert/Öffnungszäiten:

Dënschdes vun 15 bis 18 Auer
Donneschdes vun 15 bis 18 Auer
Samschdes vun 9 bis 12 Auer

No der Ouschtervakanz ass de Shop ausnahmsweis zou

Samschdes den 29. Abrël

Donneschdes 4. Mee

De läschten Dag wou de Shop virun der grousser Vakanz op ass: Samschdes 15. Juli 2017

Den éischten Dag wou de Shop nees no der Vakanz o pass: Denschdes 19.September 2017.

LGS an d’FNEL distanzéiere sech vun neier Scouts-Beweegung

Den Dachverband vun Lëtzebuerger Scouten “Scouting in Luxembourg” deen d’LGS – Lëtzebuerger Guiden a Scouten an d’FNEL Scouten A Guiden ënnert sech regroupéiert, distanzéiert sech formell vun de nei gegrënnten “Europa Scoute vu Lëtzebuerg”

Méi Infoen fannt dir am Artikel hei ënnendrënner.

ING – Marathon 2017

Den 27. Mee ass an der Staat den ING-Marathon.

„Medecins sans frontières“, mat deenen d’LGS eng Partnerschaft hunn, sicht am Kader vun dësem Event nach Benevoler Déi hinnen hëllefen Streckenposten ze iwwerhuelen. Si sollen fir den gudden Oflaf a Sécherheet vun der Course suergen.

Wann dir interesséiert sidd Iech fir dësen Event ze engagéieren dann zéckt net a mëllt Iech op umeldung@lgs.lu un. D’Zentral leet Iech dann weider un den Responsabelen vun „Médecins sans frontières“.

Newsletter Mäerz 2017 (fir lëtzebuergesch Gruppen)Newsletter March 2017 (only for luxembourgish groups)Newsletter März 2017 (Nur für luxemburgische Gruppen)Newsletter Mars 2017 (seulement pour groupes luxembourgeois)

De neie Formulaire fir Service des prêts ass online

Ënner anerem kann een Pr-Material, Klammmaterial, Sécherheetsmaterial, d’Bühn asw. am Verbandssekretariat ufroen. Den Online-Formulaire fënnt dir an der Chefbox: chefbox.lgs.lu/infos/service-des-prets.

Opruff:

et feelen eis Beach-Flags mat an ouni Sockel.

Dofir un all eis Gruppen, kuckt emol no, ob dir nach Beach-Flags hutt a bréngt si w.e.g. an d’Géisserei zréck!

Villmools Merci

Communiqué de presse – Fondation Josy Barthel

Le Lycée Josy Barthel Mamer et la Fondation Josy Barthel s’engagent dans le cadre de double carrière de sportifs talentueux à lancer un programme de soutien pour sportifs de haut niveau

 

Le lundi 6 mars 2017, le Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) et la Fondation Josy Barthel (FJB) ont signé, dans les locaux du LJBM, la conclusion d’un nouveau partenariat pour sportifs de haut niveau engagés sur le chemin de double carrière.

Pages