egmj

Réckbléck 25 Joer Feier vum Iechternoacher Jugendhaous de Samschdeg, 23. Juli 2016

An engem schéinen a feierleche Kader huet de Samschdeg d’Iechternoacher Jugendhaous, als eent vun den éischte konventionnéierte Jugendhaiser am Land, säi 25. Gebuertsdag gefeiert. Bei der Geleeënheet gouf och den neie Jugendinfo-Sall ageweit an d’Jugendhaus krut de Jugendinfo-Label iwwereecht.

Fannt hei e puer Impressioune vun dëser flotter Feierlechkeet:

Dialogue Structuré Européen – De Sondage ass online!

Am Kader vum „Strukturéierten Dialog“ tëscht der Jugend an der Politik fanne momentan Consultatioune vun all de Jugendlechen an Europa statt. Et geet drëms fir déi Jonk bis 30 Joer iwwert d’Challengen ze befroen, déi et haut an der Gesellschaft ginn.

De Sondage ass op folgendem Link ze fannen:

https://fr.surveymonkey.com/r/DSELux

Maacht mat a gewannt flott Präisser!

Méi Infos dozou:

Neie Facebook-Site vum EGMJ-Projet “Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes”

Recognising learning for You(th)! Training Course 19-24 October 2016 | Beaufort, Luxembourg

A Training Course on recognising learning through non-formal learning activities, for youth workers and youth leaders working with young people

Check: https://www.salto-youth.net/tools/european-training-calendar/training/recognising-learning-for-you-th.5864/

Et ginn nach Kandidate gesicht

CePT Fortbildung 2016/2017: Suchtprävention und Soziale Arbeit mit der Natur

An der Formatioun “Wildnispädagogik als Impuls für die Arbeit mit Familien, Kindern und Jugendlichen – Interregionale Fortbildung 2016/2017 für MitarbeiterInnen in sozialen Arbeitsfeldern” sinn nach Plaze fräi!

Hei méi Infos dozou: CePT_Ausschreibung Fortbildung Suchtpräv-Wildnispäd 2016-17final

Bei Interessi steet iech de Roland Carius vum CePT zur Verfügung:

Roland Carius
tél: 49 77 77 30

Sondage sur le journal SLAM! du CIJ

Le Centre national d’Information pour Jeunes (CIJ) souhaite offrir un espace de participation pour les lecteurs du SLAM! à travers un sondage (disponible en Luxembourgeois, Français, Allemand ou encore anglais) et connaître leur opinion sur ce journal.

Les résultats de ce sondage vont permettre d’identifier d’éventuelles améliorations et d’obtenir un retour permettant de mieux adapter les futures éditions.

Formatioun fir Multiplikateuren fir d’Gemengewalen an 2017: Wien ass interesséiert?

Sidd dir bereet d’auslännesch Matbierger ze sensibiliséieren fir sech ob d’Wielerlëschten fir d’Gemengwalen 2017 anzedroen ?
Sidd dir bereet eng Formatioun als Multiplikator matzemaachen oder déi noutwenneg Infomatiounen ze kréien ?

Zil :
E Pool vu Multiplikatoren ze erschaafen déi sech engagéieren hir Famill, hiren Entourage, hir Noperschaft, Bekanntschaften oder Gemeinschaft ze sensibiliséieren fir sech ob d’Wielerlëschten
anzeschreiwen an bei de Gemengewalen 2017 matzemaachen.

5. Nationale Konferenz zur non-formalen Bildung im Kinder- und Jugendbereich den 22.11.2016 vun 8:15-17:00

D’Umeldung fir déi “5. Nationale Konferenz zur non-formalen Bildung im Kinder- und Jugendbereich”, déi dëst Joer vum SNJ mat dem Schwéierpunkt “Beobachtung und Dokumentation im pädagogischen Alltag” organiséiert gëtt, ass fräigeschalt!
D’Konferenz fënnt Dënschdes den 22. November vu 8.15 – 17.00 Auer am Forum Geesseknäppchen statt.

Pages