Encryption

V wéi Verschlësselung

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert een komplizéiert Thema, dat awer ëmmer méi wichteg gëtt an am Internet essentiell a deelweis iwwerliewenswichteg ass. Riets ass vu Verschlësselung. Dir hutt sécher matkritt, datt an deene läschte Wochen an den USA een Sträit zwëschen dem FBI an Apple an de Norichte war: Och do ass et ëm d‘Fro gaangen, ob Apple een verschlësselten iPhone entspäre géing – an op den FBI d‘Firma dozou zwénge kéint, dat ze maachen.

Krypto-Trojaner Locky

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Ech schwätzen haut iwwert een Thema, dat ech virun e puer Woche schonn eng Kéier behandelt hat. Leider ass et nach ëmmer aktuell. Riets geet vu Ransomware, also Schuedsoftware, déi een erpresse well. Méi genee gëtt aktuell en Well vu Verschlësselungstrojaner oder och Crypto-Trojaner genannt, déi déi eege Festplack verschlësselen.