entente

Assemblée Générale 2019

Fir déi éischte Kéier huet d’AG vun der EGMJ den Donneschdeg Datum am Centre Culturel zu Bouneweg a Présidence vun der Madame Brigitte Ley stattfond.
Merci un déi vill fir d’Jugend Engagéiert op lokalem Niveau, de Memberen, den neie Memberen, dem aktive Verwaltungsrot, dem Qualitéitszirkel an der Equipe vum Siège.

Fannt hei e puer Impressioune vum Owend:

 

 

Lern Coaching

« Lerncoaching in Professionalisierungsprozessen »

Offer vun der EGMJ am Kader vun der Formatioun Continue vun der Uni Lëtzebuerg, déi am Wantersemester 2019-2020 ufänkt

Am Kader vun der Formatioun « Lerncoaching in Professionalisierungsprozessen »proposéiert d’EGMJ iech a Kooperatioun mam Praxisbüro vun der Uni Lëtzebuerg eng ergänzend Offer iwwert déi zwee Semester (Oktober 2019 bis Juli 2020).

Wéi kéint ech mam Fëmmen ophaalen ?

Mëttwoch, den 3. Abrëll 2019 vun 10-12 Auer

Zesumme mat der Fondation Cancer bidd d’EGMJ dëse Seminaire spezifesch fir Jugendaarbechterinnen a Jugendaarbechter, déi selwer fëmmen.
Et geet drëms, Motivatioun ze fannen, fir eng Kéier mam Fëmmen opzehaalen. D’Fondation Cancer weist Méiglechkeeten op, firwat et besser wier a wéi een sech dofir uleeë kéint.
Ofschléissend wäert déi Thematik « Fëmmen am Jugendhaus / an der Jugendstruktur » am Kader vun der Gruppen-Diskussioun opgegraff ginn.

Formatioun: Eu-Walen

Sensibilisatioun fir d’EU-Walen a fir d’Liewen als Jugendlechen an der EU

De Kontext vun den Europawalen 2019 ass een aneren, wéi nach dee vun 2014. D’Europäesch Unioun steet viru groussen Erausfuerderungen. De Referendum a Groussbritannien an deen domat verbonnene Bexit hu gewisen, datt d’EU een direkten Impakt op eis alldeeglecht Liewen huet, an déi europäesch Iddie net incontestabel ass. Och wann d’Majoritéit vun eis d’Demokratie fir selbstverständlech hält, sou ass dës awer och ganz zerbriechlech.

Europawalen: De COUNT-DOWN leeft

D’ASTI informéiert:

*Date limite d’inscription pour les **ressortissants de l’Union Européenne non-luxembourgeois :*

*28 février 2019 à 17.00h*

www.jepeuxvoter.lu

*Informations et exemples d’initiatives pour les communes et leurs commissions consultatives d’intégration*

*1)**CAMPAGNE OFFICIELLE « JE PEUX VOTER »*

Pages