entente

Rapport d’activité 2015 vun der EGMJ ass fäerdeg

An der Assemblée Générale vun der EGMJ a.s.b.l., déi Mëttwoch, den 8. Juni 2016 an der Maison de la Jeunesse stattfonnt huet, hunn d’Memberen de Rapport d’activité vum Joer 2015 ugeholl.

Hei am PDF ass en an elektronescher Form ze fannen, dir kënnt en awer och um Siège a Pabéierform kréien : EGMJ aktivitätenbericht 2015 low.compressed

D’EGMJ seet hire Memberen a Partneren ee grousse Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht!

Good Bye and have a good time!

L’Entente aimerait remercier les visiteurs portugais et dit “Au revoir”!

We wish you all the best! It was a great time to have you here with us in Luxemburg! We hope to see you soon in Portugal

The post Good Bye and have a good time! appeared first on Entente des Gestionnaires des Maisons de Jeunes.

Echange vu lëtzebuergeschen a portugiesesche Jugendaarbechter/innen vum 7.-11. Juni 2016

Gëschter sinn d’portugiesesch Kollegen a Kolleginnen zu Lëtzebuerg ukomm an haut de Moien huet den Echange, organiséiert vun SNJ, EGMJ a 4motion zesumme mat de Jugendhaiser Bouneweg, am Quartier, Schëffléng, Munneref, Rëmeléng a Woodstock, voller Motivatioun ugefaangen. Hei sinn e puer Fotoen vum Workshop, deen de Moie stattfonnt huet:

Staminet fir Weltverännerer, den 19.6.2016 fir jonk Leit

Heibei geet et ëm en « Stammdesch fir d’Weltverännerer », den 19.06, wou mat jonke Leit an engem informellen Cadre iwert ennerscheedlech Thematiken zur Weltverännerung geschwaat soll ginn. Déi Jonk aus de Jugendhaiser sinn häerzlech invitéiert, fir mat ze schwätzen!
Hei as en klengen Descriptif, esou wei en Link mam online Formulaire: Formulaire_Staminet

Fir weider Froen steet iech d’Madame Corinne Scheer vu “Frères des Hommes” zur Verfügung:

Réckbléck Porte-ouverte vum LTPEM de Samschdeg, 4. Juni 2016

D’EGMJ seet “Merci” fir d’Invitatioun an ass frou, deen Dag esou vill nohalteg Impressioune kënne matgeholl ze hunn! Déi Pannopli vu Méiglechkeeten, déi den LTPEM senge Schüler/inne bitt ass immens beandrockend! Hei sinn ee puer Fotoen vun engem ganz flotten Dag:

Soirée d’information au sujet du projet de loi sur la nationalité luxembourgeoise le 31 mai 2016 à Esch/Alzette

INFO vun der Stad Esch, hei d’Affiche dozou: affiche-projet de loi

La Ville d’Esch-sur-Alzette et la Commission consultative communale d’Intégration vous invitent à une soirée d’information au sujet du projet de loi sur la nationalité luxembourgeoise. Cette soirée d’information aura lieu le 31 mai 2016 à 19 heures à l’Hôtel de Ville d’Esch-sur-Alzette. Le projet de loi sera présenté par Monsieur Félix Braz, Ministre de la Justice. S’en suivra une discussion avec le public.

 

Réckbléck AG vun der Babylonia-Jugendhaus asbl vum 24.5.2016

Dënschdeg, de 24. Mee 2016 ab 19:30 huet d’AG vun der Babylonia Jugendhaus asbl stattfonnt. Niewent dem députéierte Buergermeeschter Här Henri Kox an de Gemengevertrieder vun de 4 Partnergemengen war och d’EGMJ mat dobäi, wéi ënnert der Versammlungsleedung duerch de Präsident Här Pier Zahlen an der Sekrétärin Madame Line Bauer d’Joer 2015 virgestallt gouf.

Fannt hei nach 2 Fotoen, déi leider relativ spéit no der Versammlung gemaach gi sinn, leider feelen eng Rei Leit, déi an der AG präsent waren:

Pages