entente

Meet & greet & eat de Samschdeg, 21. Mee vu 14 bis 19 Auer am HARIKO

L’asbl “mir wëllen iech ons Heemecht weisen” organise avec les jeunes d’une classe de musique de l’Athénée une journée de rencontre avec des jeunes DPI: atelier de percussion, peinture, danse & cuisine & dîner.

Samedi 21 mai à partir de 14h00 au Hariko, v. annonce ci-joint. Vous êtes les bienvenus avec vos jeunes, contactez leur professeur Nadia Piazzi par e-mail: npiazzi@pt.lu

Plus d’infos: meet greet eat

 

 

Fête de l’Europe: Samschdeg, den 21. Mee 2016 vun 11 bis 18 Auer

De Projet “Outreach Youth Work” vun der EGMJ huet ee Stand zur Verfügung gestallt kritt, am Kader vun der Fête de l’Europe déi den 21te Mee op der Plëss, virun der Maison de l’Europe an der rue du Curé stattfënnt. Eise Stand steet direct vis-à-vis vum Cercle municipal a nierft dem Fast Food Restaurant.

D’Feier fänkt um 11h00 un an hällt um 18h00 op.

Dir sidd häerzlech wëllkomm fir eis besichen ze kommen mir freeën eis iech ze gesinn

Loi du 24 avril 2016 portant modification de la loi modifiée du 4 juillet 2008 sur la jeunesse

Assemblée Générale vun der Jugendtreff Käl Téiteng a.s.b.l.

Freideg, den 22. Abrëll huet d’Assemblée Générale vun der Jugendtreff Käl Téiteng a.s.b.l. stattfond, an de Versammlungssall vum Jugendhaus war net grouss genuch fir alleguer d’Frënn vum Jugendhaus. Niewent der Virstellung vum groussen an ofwiesslungsräichen Aktivitéitsprogramm stung leider och den Abschied vum langjährege Präsident, dem Klaudio Persuric, um Programm. D’EGMJ seet him e besonnesch grousse MERCI fir säi bénévolt Engagement am Laaf vun 10 Joer a wënscht him vill Gléck fir d’Zukunft!

Réckbléck Assemblée Générale vun der Jugendhaus Wooltz a.s.b.l.

Donneschdeg, den 21. Abrëll huet d’AG vun der Jugendhaus Wooltz stattfond, zu der och d’EGMJ invitéiert war. Hei sinn e puer Impressiounen vun dem Owend, un deem sech Jonker a Jonk-bliwwener zesumme fond hunn, fir de groussartege Programm vum Joer 2015 Revue passéieren ze loossen.

Dispositif Assurance-Qualité en vue vum modifizéierte Gesetz (loi du 4 juillet 2008 sur la jeunesse)

Fannt hei de Link fir déi nei Brochure op däitsch a franséisch:

“Die Qualitätssicherung in den Strukturen des Kindertagesbetreuung und der Jugendarbeit” / “L’assurance qualité dans les structures d’éducation et d’accueil pour enfants et dans les maisons de jeunes”

https://www.enfancejeunesse.lu/fr/archives/quality_instruments/1859

Remise vum Jugendinfo-Label zu Käl-Teiténg

Donneschdeg, de 14.4.2016 um 18 Auer war et endlech esou wäit: D’Annexe vum Jugendhaus an der Maison “Thomas Byrne” gouf offiziell mam Jugendinfo-Label ausgezeechent.

Hei sinn e puer Impressiounen vun dëser gelongener Feierlechkeet:

Info: Rapport sur la situation de la jeunesse au Luxembourg 2015

Après que le « Rapport national sur la situation de la jeunesse au Luxembourg 2015 » a été présenté le 1er mars par l’Université du Luxembourg, et que cette recherche a trouvé un immense succès, vous pouvez dès maintenant le commander auprès du Ministère de l’Éducation nationale, de l’enfance et de la Jeunesse.

Ce rapport existe en deux versions différentes, dont une fois en version complète et une fois en version abrégée.

Veuillez trouver ci-dessous les liens des deux versions en publication digitale.

Efa Young Audience Award – 8. Mee vun 9h30-20h40 an der Cinémathèque

Deen Dag kucke Jonker zwëschen 12 a 14 Joer 3 Filmer a wielen zum Schluss hire Favorit eraus. Am Ganzen huele 27 europäesch Länner deel, Lëtzebuerg ass fir d’éischte Kéier mat derbäi, dat op Initiative vum Luxembourg City Film Festival mat der Zesummenaarbecht vun der Cinémathèque an der filmakademie. Präisiwwerreechung, wou déi eenzel national Resultater presentéiert ginn, fend zu Erfurt statt a gëtt via Livestream an all Land iwwerdroen.

Pages