entente

Echange tëschent JugendaarbechterInnen aus Portugal a Lëtzebuerg, 7.-10.6.2016

Zesumme mat der Nationalagentur ERASMUS+ a 4Motion organiséiert d’EGMJ en Echange zwësche portugiseschen a lëtzebuergesche JugendaarbechterInnen.

Am Juni (vum 7.-10.6.2016) komme 5-7 Educatricen an Educateuren (JugendaarbechterInnen) aus Portugal hei bei eis fir 4 Deeg a Form vu Workshopen a Visitten a Jugendhaiser en informative Programm z’erliewen.

Duerno gëtt de lëtzebuergesche Grupp vu JugendaarbechterInnen a Portugal empfaangen a kritt en Abléck an déi portugisesch Jugendhaus-Aarbecht.

Zum Thema Jugendobdachlosigkeit

Am Wort vum 15/3/2016 war en intressanten Artikel iwwer “Jugendobdachlosigkeit” a Lëtzebuerg ze liesen. Ëmmer méi Jonker ënner 25 Joer verléieren aus verschiddene Grënn hiren Daach iwwert dem Kapp.

Jugendobdachlosigkeit – WORT 15.03.2016

The post Zum Thema Jugendobdachlosigkeit appeared first on Entente des Gestionnaires des Maisons de Jeunes.

Art Together – eng inklusiv Kolonie mat Konscht a Bewegung fir Jugendhaiser

Info vum Vincent Villain vun der Base nautique Lultzhausen:

No engem positive Feedback aus de läschten 2 Joer vun den Participant’en vum Move Together fannt dir am Unhang d’Datumer fir 2016.Weiderhin besteet och d’Méiglechkeet fir un aneren Datumer kennen mat ärem Grupp no Reservatioun Aktivitéiten op der Base nautique zu Lëlz ze maachen.

Sing Contest fir Jonker: JUGENDKLANG

 

 

 

 

Info fir d’Jugendhaiser vun der Jugendklang /Quartzinum a.s.b.l.:

In unserem Projekt geht es darum dass 25 Kandidaten sich in einem SingKontest konkurieren.Die Kandidaten werden während dem Singen gefilmt und die Videos werden auf unserer Webseite hochgeladen.

Die Videos kann sich dann jeder ansehen.

Neien europäesche Rapport iwwer Qualitéit an der Jugendaarbecht

Fannt hei den neie Rapport iwwer Qualitéit an der europäescher Jugendaarbecht vun der europäescher Commissioun.

De Rapport ass op englesch an huet den Titel:

Quality Youth Work – A common framework for the further development of youth work
Report from the Expert Group on Youth Work
Quality Systems in the EU Member States

Lëtzebuerg ass op der Säit 83 ze fannen

quality-youth-work_en

Présentatioun vum neie Jugendbericht

A Präsenz vum Här Minister Claude Meisch a villen Invité’en aus dem Jugend- a Sozialsekteur huet de Prof. Dr. Helmut Willems zesumme mat senger Equipe leschten Dënschdeg de “Rapport sur la situation de la Jeunesse” op der Uni virgestallt. D’EGMJ war mat dobäi, hei e puer Impressiounen:

Projetsfinanzéirung iwwer de “Fonds Delhaize Group”

De ‘Fonds Delhaize Group’, géréiert vun der ‘Fondation Roi Baudouin’ zu Bréissel, wëll zu der Verbesserung vum Zesummeliewe vun den Awunner an den Quartieren, Stied an Dierfer zu Lëtzebuerg oder an der Belsch bäidroen. Fannt an der Annexe méi Infoen dozou: Fonds Delhaize Group

Pages