entente

Aktuell Statistik iwwer “Fëmmen a Lëtzebuerg”

D’Fondation Cancer huet eng ganz nei an aktuell Statistik iwwer Fëmm-Verhaalen a Lëtzebuerg verëffentlecht.

Fannt hei déi ganz informativ PowerPoint dozou:

Tabagisme Luxembourg 2015

The post Aktuell Statistik iwwer “Fëmmen a Lëtzebuerg” appeared first on Entente des Gestionnaires des Maisons de Jeunes.

D’EGMJ ass nach ëmmer op der Sich no engem “Chargé de mission éducative” m/f (CDD bis 31.12.2017)

Ee vun de 5 Posten an der éducativer Equipe vum Projet “Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes” ass nach fräi!

Hei eisen Opruff un d’Gradué’en an Diplômé’en mat Experienz an der Jugendaarbecht: Iwwerleet et iech a mellt iech ganz séier bei der Coordinatrice vum Projet op: daniela.dario@egmj.lu

Mir ënnerstëtzen iech dobäi, bei ärem aktuelle Patron e “Congé sans solde” fir den Asaaz am Kader vum Projet, unzefroen.

D’EGMJ begréisst hiren nei Stagiaire

Bis Enn Mee 2016 huet de Siège vun der EGMJ en neie Mataarbechter am Stage, de Fabio Albuquerque. Hie steet de Memberen a Jugendhaiser all Dag vun 9-17 Auer zur Verfügung. Seng Mailsadress ass: stagiaire@egmj.lu a seng Telefonsnummer ass 26 29 32 35.

Ganz gär steet hien de Jugendhaiser och zur Verfügung, wa si fir eng Aktivitéit mat Jonken personell Verstäerkung brauchen. Hie géif sech iwwer den Abléck an déi éducativ Aarbecht freeën

Hei stellt hien sech selwer vir:

Léif All,

Als neie Stagiaire vun der EGMJ stellen ech mech gäre kuerz vir.

Enquête “Qualitéit vun der Relatioun tëscht der EGMJ an hire Memberen”

D’EGMJ seet hirer Qualitéitsbeoptragter an dem Qualitéitszirkel en décke MERCI fir d’Duerchféirung vun dëser Enquête.

E grousse Merci geet och un all déi Memberen, déi sech dem Défi gestallt hunn, dëse Sondage auszefëllen!

Fannt hei d’Resultater: EGMJ enquete

2 Chargés de mission éducative gesicht – w.e.g. bis 7.2.2016 kandidéieren

Fir déi nei Equipe vum Projet “Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes” (finanzéiert iwwer den FSE an den Educatiounsministère) ass d’EGMJ nach ëmmer op der Sich no 2 Chargés de mission éducative.

Ëm Kandidaturen gëtt bis 7.2.2016 gebieden!

Fannt hei déi konkret Stellenannonce an d’Projetsbeschreiwung als pdf:

Anzeige bis 7.2.2016

Projetsbeschreiwung Homepage FSE

Réckbléck Conseil d’Administration mat Virtrag vun der UNI Lëtzebuerg vum 3.2.2016: MERCI iech allguer!

De Bureau exécutif, d’Qualitéitsbeoptragt an d’Team vun der EGMJ soen dem Prof. Dr. Helmut Willems, der Madame Anette Schumacher an allen déi dobäi waren e ganz décke MERCI! Hei e klénge visuelle Réckbléck an d’Powerpoint iwwer de Jugendbericht ppt-1

Gesicht: 3 chargés de mission éducatifs (m/w) fir den FSE Projet “Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes”

Dans le cadre du Fonds social européen qui soutient des projets visant l’accès à l’emploi et l’aide des jeunes dans la transition vers l’emploi, l’EGMJ gère le projet « Outreach youth work – maisons des jeunes », en collaboration avec les maisons des jeunes, les communes et les ministères compétents, du 1er janvier 2016 jusqu’au 31 décembre 2017.

Pour la gestion du projet, l’EGMJ recherche et souhaite engager

3 Chargés de mission éducatifs (m/f)

Pages