entente

Impressioune vun der Assemblée Générale vun der ASBL vum Jugendhaus Jugendwave zu Réimech, 4. Mee 2018

A Präsenz vun de Partnergemengen Réimech, Stadtbriedemes a Bous huet déi nei opgestallten ASBL mat Présidence vum Här Ben Wagener hir Assemblée Générale ordinaire ofgehaalen.

D’EGMJ war mat dobäi. Hei e puer Impressioune vun dësem gelongenen Owend:

Réckbléck “Inauguration du Centre national de Référence pour la promotion de la santé affective et sexuelle – CNR – 8 mai”

Den 8. Mee ass den neien CESAS an der Rue de la Fonderie ageweit ginn. D’EGMJ war mat dobäi. Fannt hei e puer Impressiounen vun de Feierlechkeeten:

Nei Mataarbechterin um Siège vun der EGMJ: Valérie Ricciardi

Säit Ufank Mee gëtt d’Administratioun vun der EGMJ verstäerkt duerch eis nei Mataarbechterin Valérie Ricciardi.

Déi ganz Equipe freet sech op eng gutt Zesummenaarbecht! Am folgende kuerzen Text stellt si sech selwer vir:

Gudde Moien,

Säit dem 2. Mee schaffen ech bei der EGMJ aus Gestionnaire Adminstratif.
Ech sinn ausgebilten Grafikerin an hunn bis elo am Liewensmëttelhandel geschafft.
Et war fir mech elo un der Zäit mir een neien Defi an Ziel ze ginn.

D’EGMJ gëtt aktuell administrativ verstäerkt duerch den neie Stagiaire: Lucas Soave

Mir begréisse ganz häerzlech de Lucas am Team vun der EGMJ, deen d’Equipe vum 30.4. bis 8.6. am Kader vu sengem administrative Stage verstäerke wäert.

Hei stellt hien sech selwer vir:

Moien,

Ech sinn de Lucas Soave, Schüler aus dem Lycée Technique de Bonnevoie an ech wäert als Stagiaire vum 30. Abrëll bis den 8. Juni d’EGMJ ënnerstëtzen. Ech kommen aus enger 13eme Technicien Administrative et Commerciale an hunn wëlles bei der EGMJ vill Erfarung ze kréien a motivéiert matzeschaffe wärend der Stagezäit.

Neie Mataarbechter op der EGMJ fir de Projet “Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes”

Eisen neie Mataarbechter am Kader vum Projet “Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes”, Daniel WEIS, stellt sech vir:

Gudde Moien,

vun Abrëll bis Juni 2018 ënnerstëtzen ech d’EGMJ als Chercheur am Kader vum FSE-Projet „Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes“.

Déi lescht fënnef Joer hunn ech op der Uni Lëtzebuerg an der Jugendfuerschung geschafft an do a verschidde Projeten Abléck an déi Situatioun vu Jonker a jonk Erwuessener hei zu Lëtzebuerg kritt. Ënner anerem hunn ech am Jugendbericht 2015 matgeschafft.

Eischt Hëllef Cours: 10. an 13. Juli 2018 op der EGMJ

Am Optrag vum Service Jeunesse vum MENJE organiséiert d’EGMJ en éischt Hëllef Cours (Cours d’initiation) fir JugendaarbechterInnen.

De Cours gëtt op lëtzebuergesch ofgehaalen, a fënnt um Siège vun der EGMJ statt.

Datum: 10. Juli an 13. Juli 2018

Durée: vun 9 bis 17 Auer

Formateur: en Instrukteur vun der Croix-Rouge luxembourgeoise

Et sollt ee sech w.e.g. esou schnell wéi méiglech umellen, am Fall wou de Grupp ze grouss gëtt, wäert en zweete Cours am Hierscht organiséiert ginn.

Réckbléck Info-Versammlung: Classification uniforme des frais retenue par la Commission d’Harmonisation vum 29. Mäerz 2018

Am Kader vun enger Info-Versammlung ass déi nei Classificatioun vun de Frais’en betreffend der Comptabilitéit vun ASFT-Strukturen virgestallt ginn.

Fannt hei d’Powerpoint Presentatioun an e puer Impressiounen vun der Veranstaltung: Presentatioun

Fir Froe vu Strukturen aus dem Jugendsekteur steet d’EGMJ ënner info@egmj.lu zur Verfügung.

Déi ganz Dokumenter an e Vademecum sinn ze fannen ënner folgende Links:

Inauguration du Centre national de Référence pour la promotion de la santé affective et sexuelle – CNR – 8 mai 2018

WORKSHOP – EDUCATION A L’INFORMATION ET AUX MEDIAS

A l’occasion de la journée européenne de l’Information Jeunesse, le 17 avril 2018, le CIJ vous invite à deux ateliers d’information de 9:00 à 13:00 au Kinepolis – salle 5.

A cette occasion, deux intervenants (Evaldas Rupkus et Martin Culot) seront présents pour aborder sous deux angles différents la question de l’éducation à l’information et aux médias et les outils pour professionnels qui accompagnent les jeunes.

Pages