F

Wéi organiséieren ech eng Kolonie?

Eng Aktivitéit als Responsabel (Camp/Kolonie/Weekend) beim SNJ/GA organiséieren; wat kënnt do op mech duer? Dëse Stage gëtt dir en Abléck an de Pabeierkrich, déi engagéiert Responsabilitéiten, d’Zesummesetzen an d’Leede vum Staff an d’Entwécklung vu Konzepter a Strukturen, fir deng Aktivitéit ze plangen an duerchzeféieren. Mir wäerfen och e Bléck op dat ganzt Material, wat sou op enger Aktivitéit zesummekënnt.

Fir un dësem Stage deelzehuelen, solls du schonn en Animateur C Brevet hunn a schonn op eng Erfarung vun e puer Campen a Kolonien als Animateur kënnen zréck kucken.

 

 

Sanitär Reegelen op Campen, Kolonien a Vakanzaktivitéiten

Formatioun iwwert déi sanitär Reegelen a Mesuren, déi dëse Summer bei allen Aktivitéite mat Kanner a Jugendleche gëllen.

Dës Formatioun, déi via Videokonferenz stattfënnt, ass obligatoresch fir all Animateur, deen an der Summervakanz op engem Camp, enger Kolonie oder bei Vakanzaktivitéiten engagéiert ass.

D'Formatioun fënnt vun 10-12 Auer statt.

Dir kritt vun eis e Link geschéckt, wann Dir iech bis ugemellt hutt.

Délai d'Inscription ass den 10.07.20 um 17 Auer. Duerno kënne mir keng Umeldungen méi unhuelen.

Sanitär Reegelen op Campen, Kolonien a Vakanzaktivitéiten

Formatioun iwwert déi sanitär Reegelen a Mesuren, déi dëse Summer bei allen Aktivitéite mat Kanner a Jugendleche gëllen.

Dës Formatioun, déi via Videokonferenz stattfënnt, ass obligatoresch fir all Animateur, deen an der Summervakanz op engem Camp, enger Kolonie oder bei Vakanzaktivitéiten engagéiert ass.

D'Formatioun fënnt vu 16-18 Auer statt.

Dir kritt vun eis e Link geschéckt, wann Dir iech bis ugemellt hutt.

D'Umeldung funktionéiert am Moment net. Dir kënnt eis folgend Donneeën och op inscription@snj.lu schécken:

Numm, Virnumm, Adress, Matricule, Handysnummer an E-mailsadress.

 

Formatiounswoch -Brevet C

13.-17. Abrëll 2020: Formatiounswoch (am Mariendall)

An dëser Formatiounswoch gi vill verschidden Aspekter vun der Kanner - a Jugend Betreiung duerchgeholl, z.B. d ‘Besoine vu Kanner a Jugendlechen, Kommunikatioun, Gruppen Dynamik a villes méi wat engem op enger Kolonie weiderhëlleft.

Integatiounsweekend -Brevet C

28.Februar -01. Mäerz 2020: Integratiounsweekend (an der aaler Géisserei an der Staat)

Mat der Zesummenaarbecht vun engem Grupp mat Behënnerte Kanner an Jugendlichen gestallten mir en spannenden an léierräichen Weekend. Hei geet et drëm, sech un die verschidden Bedierfnisser kennen unzepassen an d‘Aktivitéiten ofzestëmmen.   

Theater Weekend -Brevet C

01.-02. Februar 2020: Theater Weekend (zu Huelmes)

Vum Improtheater iwwert Rollespiller an Verkleedungen gëtt et dësen Weekend sécher net langweileg. Wei kann en d`Kanner begeeschteren? Waat brauch en un Material? Wei kann en Spiller an en Theater abauen? Zu all dësen an nach aneren Froen kennt dir hei eng Äntwert kréien.

Formatiounswoch -Brevet B

13.-17. Abrëll 2020: Formatiounswoch (am Mariendall)

An dëser Formatiounswoch geet et drëm wéi ee grouss Spiller preparéiert, organiséiert an duerchféiert. Wéi gëtt eng Owes-Animatioun ofgehal? Wourop muss een oppassen, wann ee Gruppe Spiller an Aktivitéiten fir Kanner oder Jugendlecher organiséiert?

Pages