Flüchtlingen

“Keen astellen, deen den ‘Helfersyndrom’ huet”

Zënter Mëtt August komme vill méi Flüchtlingen op Lëtzebuerg wéi dat bis dohin de Fall war. Wéi geet d’Verwaltung mat all deene Fäll ëm? Explikatioune vum Jean-Paul Reiter, Direkter vun der Immigratioun am Ausseministère.

Asyldemanden tëschent Januar an Oktober 2015, nom “pays d’origine”
(Quell: Ausseministère – Immigratioun)

D’Agence Immobilière Sociale iwwerhëlt d’Gestioun vun 100 Wunnengen

D’Agence Immobilière Sociale iwwerhëlt deemnächst de Suivi vun 100 Wunnenge vum OLAI. Dës Wunnénge si fir Flüchtlinge geduecht, déi den Asylstatut hunn. Et si 500 bis 600 Leit concernéiert.

Ronn 10.000 Logementer sollen zu Lëtzebuerg eidel stoen

Flüchtlingen déi den Asylstatut hunn, hunn déi selwecht sozial Rechter wéi aner Residenten. Am Ufank brauche Flüchtlingen awer ee soziale Suivi besonnesch bei der Sich no Wunnraum.

Hëllef fir Leit mam Asylstatut

Lydia Mutsch: An engem Militärspidol kéinten och Flüchtlinge behandelt ginn

D’Regierung denkt driwwer no fir e Militärspidol hei am Land opzemaachen. An esou enger Struktur kéinten nieft Zaldoten och Réfugiéë behandelt ginn, esou d’Gesondheetsministesch am 100,7-Interview.

De Projet fir e Militär-Spidol stécht nach an der Ufanks-Phas. Et géif awer elo gepréift ginn, ob et méiglech ass, e Militär-Departement an aner Spideeler déi et scho gëtt, z’integréieren. Zum Beispill kéint den Zenter fir héich-ustiechend Krankheeten am CHL op déi Manéier ausgebaut ginn, esou d’Lydia Mutsch.

Nee zum Containerduerf zu Stengefort

Eng nei Biergerinitiativ vu Stengefort wiert sech géint eng geplangte Containerstruktur fir Flüchtlingen an dreet mat juristesche Konsequenzen. Vun der Politik gi méi Transparenz a méi Dialog gefuerdert. De Buergermeeschter dementéiert, datt amplaz vun 300 bis zu 2.000 Mënschen sollen opgeholl ginn.

Flüchtlingen an enger Containerstruktur zu Tréier (Foto: Tessy Steffen Koenig)

“D’EU muss hir Grenze fir Flüchtlingen op loossen”

Et wär net un der EU fir der Tierkei Lektiounen ze ginn a Saache Mënscherechter, seet den Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg. Esou géing zum Beispill Ungarn d’Mënscherechter aktuell verletzen. Dem Stan Brabant no, muss Europa an der Flüchtlingskriis der Tierkei finanziell bäistoen.

Och an Europa ginn et flagrant Verletzunge vun de Mënscherechter

Berlin, München, Wien,… an d’Flüchtlingen

Déi däitsch-éisträichesch Grenz ass fir vill Flüchtlingen dat ultimatiivt Zil. Dat féiert zu Spannungen tëscht Wien, München a Berlin. D’bayresch CSU kritiséiert d’Politik vun der CDU-SPD Regierung a gehait Éisträich vir, bewosst Réfugiéen z’encouragéieren an Däitschland weiderzereesen . Eisträich äntwert, Däitschland géif net genuch Mënschen ophuelen. D’Tensiounen tëscht béide Länner riskéieren zu verschäerfte Reegele géint d’Flüchtlingen ze féieren.

Defi Integratioun

D’Gemenge mobiliséiere sech, fir de méi grousse Flux u Réfugiéen, deen zanter e puer Méint amgaang ass, ze geréieren. Et gëtt net just dofir gesuergt, datt déi Persounen a Famillen en Daach iwwert dem Kapp hunn. Den Emile Eicher (CSV), President vum Syvicol, mengt de gréissten Challenge wier et d’Flüchtlingen hëllefen sech z’integréieren.

Flüchtlingskris: Reunioun Inneminister mat 105 Gemengen een Dënschdeg

Jean-Paul Schaaf a Claude Haagen: d’Buergermeeschtere vun Ettelbréck an Dikrech

Wéi sollen d’Gemengen d’Flüchtlingen no hirer Asylprozedur ënnerbréngen? Fir alle Schäfferéit aus dem Land Virschléi an deem Kontext ze presentéieren, huet den Inneminister d’Vertrieder vun den 105 Gemengen fir een Dënschdeg de Moien um hallwer zéng an de Centre Attert op Bartreng invitéiert. De President vum Gemengesyndikat SYVICOL huet eis dëse Rendez-vous op Nofro confirméiert.

“Elo ginn d’Viktor Orbanen zefriddegestallt”

Et ass zu engem Revirement komm, an der Manéier wéi d’europäesch Unioun mat der Migratiounskris ëmgeet. Nodeems an op d’mannst  enger Partie Memberstaaten, wéi Daitschland a Lëtzebuerg, am Summer de Message “Wëllkomm” sollt heeschen, ginn elo d’Grenzen zougemaach, stellt de François Aulner an engem Kommentar fest.

Migratiounskris: “Amplaz vu Mënschen ze schwätze, gëtt elo vu ‘Laascht’ geschwat”

Pages