Fotoen

Entrevue mam Jugend Parlament

Mir hunn eis mat de Piraten, d’Marie-Paule an de Marc an mam Jugend Parlament gedanken iwwert eis Zukunft gemeet. Et goufe 4 Themen ungeschwat déi dëst Joer ee groussen Impakt op d’Politescht Bild zu Lëtzebuerg, opmannst fir d’Jugend.

Ce n’est qu’un aurevoir Chef-Scout

Ronn 1000 Guiden a Scouten vun den LGS an der FNEL hunn haut de Moien um Stäremarsch deelgeholl an zesummen eng “Châine des adieux” forméiert. Vill Guiden a Scoute stoungen och herno nach Spaléier fir dem Chefscout esou déi lescht Éier ze erweisen.

“Mir mussen ausernaner goen, ons Zäit, déi ass erëm, looss d’Hierzer héich eemol schloen, a sangt mat voller Stëmm

Ce n’est qu’un au revoir Chefscout, ce n’est qu’un au revoir, oui nous nous reverrons Chefscout, ce n’est qu’un au revoir

Grad elo: Respekt an Toleranz

Friemenhaass an Diskriminatioun fannen, och hei zu Lëtzebuerg, ëmmer méi Zoustëmmung. D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten liewen zënter 100 Joer d’Wäerter vu Respekt an Toleranz a vermëttelen dës u Kanner a Jonker. Eis Membere gi virbereet aktiv un der Weiderentwécklung vun der Gesellschaft matzeschaffen, a sech fir eng Gesellschaft anzesetzen, wou keng Ausgrenzung toleréiert gëtt.

Gilwell 2018 – LET’s GROW

De Gilwellcamp, eng perséinlech a fakultativ Formatioun fir all Branchecheffen iwwer 20 Joer, war dëst Joer vum 1. bis den 8. September am Schwarzwald. Mir hunn eis Gedanke ronderëm d’Thema Wuesstem gemaach. Aktivitéiten an der Natur a Visitte vu sozialen Ariichtunge waren och um Programm.

Fotoen “STAP 2018” – Mord u Bord

An der Päischtvakanz war de „STAP“ zu Bilschdref. Dëst ass de Formatiounscamp vum 2. Zyklus bei den LGS.

Während aacht Deeg hunn hei 40 zukünfteg Branchechef geléiert eng Unitéit an eng Chefekipp leeden an e Camp organiséieren; dat souwuel an der Theorie wéi och an der Praxis. Bei engem grousse Rollespill mam Titel „Mord u Bord“ goufen de Mörder vum Kapitän Bob Bayard gesicht a sou munch Intrige gesponnen.