Wéi organiséieren ech eng Kolonie?
Eng Aktivitéit als Responsabel (Camp/Kolonie/Weekend) beim SNJ/GA organiséieren; wat kënnt do op mech duer? Dëse Stage gëtt dir en Abléck an de Pabeierkrich, déi engagéiert Responsabilitéiten, d’Zesummesetzen an d’Leede vum Staff an d’Entwécklung vu Konzepter a Strukturen, fir deng Aktivitéit ze plangen an duerchzeféieren. Mir wäerfen och e Bléck op dat ganzt Material, wat sou op enger Aktivitéit zesummekënnt.
Fir un dësem Stage deelzehuelen, solls du schonn en Animateur C Brevet hunn a schonn op eng Erfarung vun e puer Campen a Kolonien als Animateur kënnen zréck kucken.