gDossier

Wat ass eigentlech een Troll?

An Diskussiounen am Internet kommen si ëmmer erëm vir: Trollen. De Begrëff kënnt am Fong aus den Urzäite vum Internet. Deemools gouf et zwar nach keng sozial Netzwierker, wéineg Fotoen an och un emojien huet nach kee geduecht. Mä Diskussiounsforen, déi gouf et schonn – an och deemools hunn sinn Leit opgefall, déi mat hiren Diskussiounsbeiträg just provozéiere wollten. An déi kruten dunn de Numm „Troll“. Ziel vum Troll ass, muttwëlleg eng Diskussioun auszeléisen an rosen Äntwerten ze kréien.

Vu Freaks zu Helden: Geek Pride Day

Zanter 2006 gëtt et een neie Feierdag, deen ëmmer méi u Wichtegkeet gewënnt. Riets ass vum sougenannten „Geek Pride Day“. Et ass zwar keen offizielle Gedenktag, mä eng privat Initiative, déi vu Spuenien aus gestart ass an déi ganz Welt eruewert huet. Gläichzäiteg ass et den „Towel Day“, deen Dag also, op dem d‘Fans vum Science-Fiction Auteur Douglas Adams – zum groussen Deel och Geeks – de ganzen Dag mat engem Duch ronderëm lafen – sou wéi eben d‘Protagonisten am Adams sengem Roman „Per Anhalter durch die Galaxis“.

Wéi kann ech mech virun der Ransomware „WannaCry“ schützen?

Zanter läschtem Freiden ass eng néi Ransomware ennerwee, déi sech rasant schnell verbreed huet. Un d‘Effentlechkeet koum déi grouss Attack och dowéinst, well zum Beispill Kliniken an England oder d‘Deutsche Bahn an Däitschland betraff waren. Op de Bildschirmer, ob deenen soss d‘Offahrtszäiten vun den Zich ze gesinn sinn, war eng Leisegeld-Fuederung ze gesinn. Wéi bei all Ransomware ginn och hei Dateien vum infizéierten Computer verschlësselt. De User soll dann e Léisegeld an der Krypto-Währung Bitcoin bezuelen, fir datt déi erëm entschlësselt ginn.

Ultraschall-Spyware an Android-Apps

Iwwert de Weekend huet d‘Meldung sech lues a lues verbreed: Fuerscher vun der TU Braunschweig hunn an iwwer 200 Android-Apps eng ganz speziell Spyware entdeckt. Riets ass vun „Silverpush“, eng Software, déi et méiglech mécht, Smartphones per Ultraschall ze tracken. Domadder ass et relativ einfach méiglech, een User iwwer e puer Geräter ze verfolgen.

Onsiichtbaren Phishing?

Dir hutt sécher alleguerten schonn mol vum Phänomen Phishing héieren. Dat Wuert setzt sech aus de Begrëffer „Password“ a „Fishing“ zesummen, soll also sou eppes wéi „Passwuert-Fëschen“ bedeiten. Gemengt sinn domadder Methoden, User dozou ze bréngen, hir Passwierder ze verroden – am beschten sou, datt se guer kee Verdacht hunn.

Sécher an d‘Ouschtervakanz

Elo ass et endlech erëm sou wäit, et ass Ouschtervakanz. Vill Leit zu Lëtzebuerg notzen déi Zäit, fir an d‘Vakanz ze fueren. Sief et déi läscht Geleenheet vum Joer ze notzen, fir an d‘Skivakanz ze fueren oder déi fräi Zäit ganz enzwousch aanescht ze verbréngen: Egal wou dir hifuert, et ginn e puer Saachen, ob déi dir op alle Fall oppassen sollt.

Schwätzend Katzen an aaner Hoaxes

De Samschden war den 1. Abrëll – een Dag, wou Falschmeldungen näischt ongewéinlches sinn. Vill Medien a Firmen maachen sech ee Spaass dorausser, hir Lieser an den Abrëll ze schécken. Leider kurséieren am Netz ganz vill Falschmeldungen – sougenannt Hoaxes. Déi sinn dacks just dofir do, fir Panik ze verbreeden. Mir kucken eis dofir haut e puer aktuell Hoaxes méi genee un.

Opassen bei Online-Strategiespieler

Un der Spëtzt vun den Appstore-Charts fënnt een ëmmer erëm Titelen wéi „Clash of Clans“ oder „Clash Royale“. Och duerch Reklammen an aneren Apps sinn iech déi Nimm vläicht bekannt. Et handelt sech bei dësen Titelen ëm Online-Strategiespieler, déi bei Jonken enorm beléift sinn. Duerch hir speziell Spillmechanik an d‘Méiglechkeet, richteg Suen auszeginn, hunn se awer och Risiken.

Onglécklech duerch den Internet?

Haut, den 20. Mäerz gëtt den Weltglécksdag gefeiert. Dat ass keen erfonnten Dag, mä deen ass offiziell vun der UNO an d‘Liewen geruff ginn. Dat, fir drop opmierksam ze maachen, datt Wuelstand net nëmmen materiell ass. Mir kucken zu dem Ulass mol ob déi Saachen, déi eis am Internet glécklech oder onglécklech maachen.

Pages