gDossier

Wat bedeit de Cloubleed-Leak fir mech?

Ee néie Leak suergt fir Opreegung am Internet. Zanter dem 17. Februar ass den sougenannten Cloudbleed oder Cloudleak bekannt. Deen Leak kënnt vun engem Bug bei der Firma Cloudflare. Deen Service wäert deenen meeschten normalen User onbekannt sinn, mä mir alleguerten benotzen all Dag Websäiten, déi Servicer vu Cloudflare benotzen. D‘Firma schützt aner Websäiten virun DDos-Attacken an suergt dofir, datt se bei Serverausfäll trotzdem ze erreechen sinn. An vir genee déi Aufgab muss Cloudflare Kopien vun de Websäiten maachen.

Eng Popp als Spioun

Et klengt e bëssi wéi aus engem schlechten Film mat Geheimagenten: Eng Popp am Kannerzëmmer, déi a Wierklechkeet eng Wanz, also een Instrument fir ze Spionéieren ass. Leider ass deen Szenario awer net aus dem nächsten James Bond-Film, mä Realitéit. An dat zanter 2014. Esou laang gëtt déi „smart“ Popp mam Numm „My friend Cayla“ nämlech schonn verkaaft. Elo ass se an Däitschland allerdéngs verbuede ginn, an dat vun der däitscher „Bundesnetzagentur“. Dat ass déi Verwaltung, déi sech ëm d‘Regulatioun vu Frequenzen këmmert an sech meeschtens mat illegalen Mini-UKW-Radiosenderen beschäftegt.

Ransomware: ëmmer nei Tricken

Zanter e puer Joren ploen eis net nëmmen Viren an Trojaner, mä ëmmer méi och déi sougenannten Ransomware. Wann äre Computer mat esou enger Malware infizéiert gëtt, gëtt en gesperrt oder är Donnéeën gi verschlësselt. An fir äre Computer erëm un d‘Goen ze kréien, hätten déi Onéierlech gären eng Zomm Suen vun iech, also quasi Léisegeld. Dohier kënnt och de Numm: „Ransom“ ass nämlech dat Englescht Wuert fir Léisegeld.

Eleng op Vältesdag?

Muer Dënschden ass et erëm esou wäit: Vältesdag, den Dag vun den Verleiwten. Eis begéinen op Schratt an Tratt Häerzen an Rousen. Fir Leit, déi Single sinn, ass dat am kale Februar net onbedéngt eng besonnesch flott Zäit. Ween nach net dee richtege Partner fonnt huet, versicht säi Gléck vläicht iwwert eng vun de ville Dating-Apps, déi um Marché sinn. Do ginn et awer e puer Saachen, ob déi een oppassen sollt.

Muer ass Safer Internet Day 2017!

Muer Dënsden, den 7. Februar, ass et esou wäit: Et ass Safer Internet Day. De Safer Internet Day ass ee weltwäiten Aktiounsdag, deen all Joer vun Insafe organiséiert gëtt. Insafe ass ee Netzwierk vun Safer Internet Zentren, wéi zum Beispill BEE SECURE zu Lëtzebuerg. Dëst Joer steet den Safer Internet Day ënnert dem Motto „Be the change: Unite for a better internet“, also: Sief de Changement, dot iech zesummen fir een besseren Internet!

Geschwënn ass Safer Internet Day!

Een wichtegen Dag am Kalenner vu BEE SECURE ass den Safer Internet Day, deen all Joer am Februar gefeiert gëtt. Dëst Joer wäert dat den Dënsden, den 7. Februar sinn. Den Safer Internet Day ass een weltwäiten Aktiounsdag. Dëst Joer steet en ënnert dem Motto „Be the change: Unite for a better internet“, also: Sief de Changement, dot iech zesummen fir een besseren Internet! Et geet also dorëmmer, Positivbeispiller vu gudde Communities an Beispiller vun sécherer Internetnotzung ze sammelen an sech doriwwer auszetauschen.

Digital Assistenten bréngen vill Froe mat sech

Et klengt ze absurd, fir wouer ze sinn, mä et ass wierklech geschitt: een Noriichtespriecher huet an den USA dofir gesuergt, datt zeg Leit sech ouni et ze wëllen Poppenhäiser bestallt hunn. Iert dir iech elo ze vill iwwert déi komesch Geschicht wonnert: Dat ganzt war d‘Schold vum digitalen Assistent „Amazon Alexa“, deen an der Form vum Amazon Echo-Gerät schonn an villen Wunnengen an den USA steet.

Eng Backdoor bei WhatsApp?

WhatsApp ass deen bekanntsten an meeschtgenotzten Messenger op der Welt. Als App oder als Websäit vernetzt WhatsApp iwwert eng Milliarde User mateneen. Dat zanter e puer Méint och verschlësselt. Elo ass awer eraus komm, datt d‘Implementéierung vun där Verschlësselung eng Backdoor, also eng absichtlech agebauten Schwaachstell, soll hunn.

Opgepasst mat Fotoen vun Fluchticketen

Um Enn vum leschte Joer war zu Hamburg erëm de Chaos Communication Congress, een grousst Evenement wou sech Hacker aus der ganzer Welt treffen an iwwert Internetsecherheet, Netzpolitik an aner Theme schwätzen. Traditionell ginn et op dem Meeting och ëmmer e puer Revelatioune vu Schwaachstellen oder Hacks.

Pages