gDossier

Gutt Virsätz fir dat neit Joer

Mam néie Joer huelen sech vill Leit gutt Virsätz. Déi eng wëlle méi Sport maachen, déi aner méi liesen – oder awer eng Diät maachen oder manner streiden. Mä och d‘Technik sollt een bei de gudde Virsätz net vergiessen. Dofir kucke mir haut iwwert déi wichtegst Virsätz, déi dir iech fir 2017 huele sollt.

Fake News, Hoaxes, Verschwörungstheorien: Falschinformatiounen am Internet

Spéitstens zanter der Wiel vum Donald Trump zum amerikaneschen President gëtt et eng Diskussioun iwwert déi sougenannt „Fake News“. Gemengt sinn domadder Falschmeldungen, déi vun Säiten verdeelt ginn, déi esou maachen, wéi wann si een seriöt Medium, also zum Beispill eng Dageszeitung wieren. Falschmeldungen am Internet sinn awer näischt Neies. Mir maachen haut e klengen Iwwerbléck iwwert déi verschidden Zorten vun Falschinformatiounen am Internet an ginn dorobber an, wat een dogéint maache kann.

Een „vergëften“ USB-Stick

Een USB-Stick ass am Fong eppes Harmloses, dat déi meescht vun eis ouni Bedenken och an den eegenen Computer stieche géifen. Allerdéngs ass nach laang net all USB-Stick esou ongeféierlech: Hacker kënnen een Stick sou konfiguréieren oder programméieren, datt deen zum Beispill een Trojaner oder e Virus installéiert oder d‘Donnéeën vum User klaut.

Wann den iPhone selbststänneg telefonéiert

Stellt iech vir, ären Telefon rifft selbststänneg eng friem Telefonsnummer un, an dir kënnt näischt dogéint maachen. Dat klengt no engem zimlechen Horror-Szenario fir vill un eis, mä et ass een, deen leider all ze liicht Realitéit kéint ginn.

Wéi sécher ass d‘Verschlësselung vum Facebook-Messenger?

Am Juli wär de Feature schonn ugekënnegt ginn, virun e puer Wochen ass en dunn och fir d‘User fräigeschalt ginn: Riets ass vun der Verschlësselungsfunktioun vum Facebook Messenger. Elo gëtt et also d‘Méiglechkeet, aneren Usern Messagen ze schécken, déi Enn-zu-Enn-verschlësselt sinn. Dës Messagen kënnen am Moment just vun engem Handy op een aneren Handy geschéckt ginn an et kënnen och keng Gruppen-Conversatiounen verschlësselt ginn.

Ugrëff vun de Videorekorder: DDos-Attack op Internetsäiten

Enn Oktober waren op engem Nomëtten vill Websäiten an Servicer net ze ereechen. Twitter, Netflix, Amazon, Paypal, Soundcloud, Xbox live oder och d‘Playstation Network waren offline. Deen Ausfall ass duerch eng Attacke vun engem Botnetz op d‘Servicer vun der Firma „Dyn“ zeréckzeféieren. „Dyn“ bidd Servicer rondrëm DNS an Hosting un. Wann mir zum Beispill „amazon.com“ an eise Browser aginn, leed Dyn eis op déi entspriechend Websäit op engem Server, deen méiglechst no un eis ass.

Opgepasst beim Spillen: Malware am Steam-Chat

Ween gären um Computer Spiller spillt, kënnt bal net laanscht Steam. D‘Plattform vun der Firma Valve ass net nëmmen een risegen Online-Shop, an deem een Spiller vun groussen Firmen ze kafen kritt an wou och kleng Studioen d‘Chance hunn, hir Iddien dem Public ze präsentéieren. Nee, Steam bitt och eng ganz Community. Hei kann een mat aneren Gamer diskutéieren, mat Frënn gemeinsam spillen, Bewäertungen liesen an ofginn an deelweis esouguer mat virtuellen Objeten aus Spiller handelen.

Pages