gDossier

Share Respect! Wat ass Hate Speech?

Ween vill an de soziale Netzwierker ënnerwee ass, kennt net dolaanscht, ze mierken, datt den Ëmgangstoun do zimlech graff ass. An net nëmmen, dat d‘Leit net op déi frëndlechst Manéier mateneen diskutéieren, nee, et ass och dacks vill Haass dohannert. Déi nei Campagne vun BEE SECURE probéiert, Léisungen fir de Problem ze fannen an erkläert Strategien géint Hate Speech.

Dude, wou si meng Passwierder?

Ween d‘Norichten ronderëm Internetsécherheet verfollegt, héiert ëmmer méi dacks vun „leaks“ oder „breaches“. Mat deenen Wierder gëtt de Klau vun sensibelen Donnéeën aus Datebanken vun Websäite bezeechent. Dacks gëtt dobäi d‘Kombinatioun Emailadress/Passwuert geklaut. Déi Donnéeën fannen sech dann an Foren am sougenannte „Darknet“ erëm oder ginn op ëffentlechen Säiten – ganz dacks um Site pastebin.com, publizéiert. Ween also op allen Säiten dat selwecht Passwuert an déi selwecht Emailsadress benotzt, huet een Problem.

Save the date fir den Safer Internet Day 2017!

Et ginn vill Feierdeg am Joer, an nach vill méi Deeg, déi als „internationalen Dag vun X“ bekannt sinn. Wousst dir zum Beispill, datt den 19. November den Welttoilettendag ass, deen op déi fehlend sanitär Ariichtungen a ville Länner opmierksam soll maachen? Haut, den 26. September, deen Dag op deem dëse Podcast verëffentlech gëtt, ass den europäeschen Dag vun de Sproochen. Mä ech zielen iech dat alles net ouni Grond. Et geet mir haut nämlech ëm e ganz speziellen Dag, deen fir BEE SECURE bal de wichtegsten Dag vum Joer ass. Riets ass vum SAFER INTERNET DAY.

Alternativen zu WhatsApp

Bal genee virun engem Joer gouf et schonn eng Kéier e Podcast zum Thema Alternativen zu WhatsApp. Mëttlerweil huet sech e bëssi eppes gedoen: WhatsApp ass zwar elo Enn-zu-Enn verschlësselt, mä gëtt d‘Donnéeë vu senge Notzer, wéi zum Beispill d‘Telefonsnummer, un d‘Mammefirma Facebook weider. Ausserdeem huet WhatsApp eng laang Geschicht vu Schwaachstellen, déi den Messenger net méi sécher maachen. Elo ass nach knapps eng Woch Zäit, iert een déi nei Notzungsbedengungen an domadder den Datentransfer zu Facebook akzeptéieren muss.

Nei WhatsApp-Notzungsbedegungen: Kritt Facebook lo meng Telefonsnummer?

WhatsApp ass aktuell deen Instant Messenging-Dengscht. Mat iwwer enger Milliard Notzer gëtt et kee Messenger, dee vu méi Leit benotzt gëtt. An der läscht ass dat och ëmmer erëm un d‘Häerz geluecht ginn, well WhatsApp zanter e puer Méint eng Enn-zu-Enn Verschlësselung ubitt, mat där een relativ sécher si kann, dat déi eege Konversatiounen net vun aneren opgefaange kéinte ginn. Am Hiecht 2014 ass d‘Firma vu Facebook opkaaft ginn. Dat sozialt Netzwierk huet sech de Messenger-Dengscht 22 Milliarden Dollar kaschte gelooss.

Opgepasst: Dropbox-Passwierder geleaked!

Dropbox ass wahrscheinlech een vun deene bekannteste Cloud-Dengschter. Duerch d‘Installatioun vum Programm gëtt een Dossier um Computer ageriicht, deen automatesch mat der Cloud synchroniséiert gëtt. All Geräter, op deenen Dropbox installéiert ass, hunn den selwechten Dossier, deen ëmmer automatesch synchroniséiert gëtt. Et ass ausserdeem méiglech, een Dossier mat e puer Leit ze sharen an et kann een och per Websäit op d‘Dateien zougräifen, sou datt een iwwerall, wou een Internet huet, un seng Donnéeë kënnt.

Perséinlech Donnéeën – wat si meng Rechter?

Mir liewen am Zäitalter vun den Donnéeën. Déi ginn ëmmer méi wäertvoll, well mir stänneg nei Methoden entwéckelen, fir och grouss Masse vun Donnéeën ze duerchsichen an ze analyséieren. Hannert dem Schlagwuert „big data“ stécht am Fong net vill méi, wéi dat déi sprëchwiertlech Sich no der Nol am Koup Hee haut vill méi einfach ass. Mat statisteschen Analysemethoden loossen sech Connectioune fannen, un déi am Ufank kee geduecht huet.

Verschlësselt Mëttegiessen

Et gi vill Methoden, wéi een sech iwwert Internetsécherheet informéiere kann. Wann dir dat leiten lauschtert, dann hutt dir eng besonnesch praktesch Manéier entdeckt: Dir musst just nolauschteren an gitt sou ouni vill Méi informéiert. Mä een Podcast huet natierlech de Nodeel, datt dir mech net direkt froe kënnt, wann iech eppes onkloer ass. An dir kënnt iech och net eraussichen, zu wat fir engem Thema ech iech eppes zielen. Dir kënnt zwar eppes beim Podcast-Lauschteren iessen, mä dat ass net gratis.

Mam Smartphone an d‘Vakanz?

Ween an d‘Vakanz fiert, wäert haut net méi op säi Smartphone verzichte wëllen. Et sinn deier Apparater an wann een sech de Risiko ukuckt, datt en geklaut oder verluer kéint goen, wier et dacks méi sécher, een alen Handy mat op d‘Rees ze huelen. Mä vill vun eis sinn dorunner gewinnt, de Smartphone ëmmer dobäi ze hunn a wëllen och an der Vakanz net dorobber verzichten. Grad vill jonk Leit hunn oft guer keng aner Méiglechkeet, fir zum Beispill Fotoen als Erënnerung un d‘Vakanz ze maachen.

Sinn Vakanzefotoen geféierlech?

Et ass Vakanzenzäit. Dat heescht net nëmmen, datt alles bësse méi roueg zougeet an vill Leit eben net doheem sinn, mä eben och, datt een vill Biller aus Vakanzen an de sozialen Netzwierker gesäit. Dat huet fir déi, déi doheem bliwwe sinn den onangenehmen Effekt, datt si eventuell och Loscht kréien, an d‘Vakanz ze fueren, mä et kann awer och aner, méi grave Gefore mat sech bréngen.

Pages