gDossier

Last Minute an d‘Vakanz?

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. De Summer steet virun der Dir, och wann d‘Wierder nach net ëmmer ganz matspillt. Ween nach keng Vakanz gebucht huet, sehnt sech lo da vläit no eng oder zwou Wochen op enger anerer Platz, ob där d‘Wierder vläit méi matspillt oder d‘Mier net esou wäit ewech ass.

Sécher op Twitter

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut zwitscheren ech iech mol eppes. Oder éischter: Mir schwätzen haut iwwert twitter. Twitter ass een sozialt Netzwierk, dat et schonn zimlech laang gëtt, dat awer net esou populär ass wéi zum Beispill Facebook oder Instagram. Mat net méi wéi 140 Zeechen huet een net sou vill Platz, fir sech auszedrécken. Dofir ass d‘Stäerkt vun twitter d‘Vitesse. Wann iergendwou op der Welt eppes geschitt, kënnt dir sécher sinn, datt iergendeen doriwwer twitteren wäert.

Recht um eegene Bild

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Déi meescht vun iech sinn sécherlech op Facebook. A ween op Facebook ass, gëtt séier mol op enger Foto getagged, op där een guer net sou gutt ausgesäit. Däerf eng aner Persoun eigentlech einfach sou Fotoe vu mir verëffentlechen, och wann ech guer net domadder averstane sinn? D‘Äntwert ass: Nee. Et gëtt nämlech d‘Recht um eegene Bild.

Backups

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut well ech mat iech iwwert een Thema schwätzen, datt ech schonn dacks erwähnt hunn, mä dat mir nach ni sou ganz erklärt haten: Backups. Dir waart vläit schonn an der Situatioun, datt dir un engem Dokument geschafft hutt, äre Computer een Problem hat an dir duerno gemierkt hutt: Är Aarbecht war net gespäichert. Dat ass iergerlech a frustrant. Nach méi iergerlech a frustrant ass et, wann all är Donnéeën op ee mol fort sinn.

Ondicht Wolleken

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir doriwwer, wat geschitt, wa Wolleken ondicht sinn. Dir wäert lo soen: Da reent et! Dat stemmt zwar, mä haut geet ëm d‘Fro, wat geschitt, wann d‘Cloud ondicht ass. An da reent et net Waasser, mä Donnéeën. A wa mir Pech hunn, sinn eis Donnéeën drënner.

Et gi verschidde Méiglechkeete fir een Datenleck an der Cloud: engersäits kënnen eis Geräter geklaut ginn, eist Ëmfeld kann Aktioune setzen, déi engem Leak gläich kommen an et kann een Datenleck bei enger Firma ginn.

Pages