Info

Wëllkomm Guillaume Feier fir RaRo a Chef

Un all RaRo a Chef,

De Freiden den Owend vun 19h30 un feiere mer onsen neie Chefscout nach richteg weider a relaxem Kader mat Feier, Gegrills, Fritten an Trallala.
Kommt zu vill, fir zesummen mat alle RaRo a Chef bis spéit an den Owend eran ze feieren …

Bei Froën, mell dech roueg bei programm@lgs.lu

2nd Annual European Scout Photo Contest 2019

D'”European Scout Region” lancéiert dëst Joer fir déi zweete Kéier den “Annual European Scout Photo Contest”.

Hei hues du déi grouss Chance fir flott Präisser ze gewannen an dat deng Fotoen an de Publikatiounen vun der Europäescher Scout Regioun benotzt ginn.

All Guide/Scout ka bei dësem Concours matmaachen.

D’Fotoe mussen vium 31. Juli 2019 u comms[at]scout.org geschéckt ginn. De Betreff ass “Scout Photography Contest 2019”.

D’Thema vun dësem Joer ass “Scouts as Active Citizens”

Umellung: European Jamboree 2020

D’Umellungen sin op fir den EuroJam2020 a Polen

[LU] Fir D’Umellungen soll een als éischt eng Mail un *protected email* schécken fir duerno sech oder seng jonker kënne am System anzeschreiwen. D’Konditioune a Modalitéiten vun der Umellung stin an den Newsletter vum Contingent. Wann Dir soss nach Zweifel hut, zéckt net fir no méi Informatiounen ze froen.

—-

Grad elo: Respekt an Toleranz

Friemenhaass an Diskriminatioun fannen, och hei zu Lëtzebuerg, ëmmer méi Zoustëmmung. D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten liewen zënter 100 Joer d’Wäerter vu Respekt an Toleranz a vermëttelen dës u Kanner a Jonker. Eis Membere gi virbereet aktiv un der Weiderentwécklung vun der Gesellschaft matzeschaffen, a sech fir eng Gesellschaft anzesetzen, wou keng Ausgrenzung toleréiert gëtt.

Kongress & Chefdag 2018 zu Réimech

Léif Cheftaine, léiwe Chef,

hei fënns du de Kompass 2018,  deen d’Invitatioun fir de Kongress & Chefdag an den Aktivitéitsrapport vum Guiden a Scoutsjoer 2017/18 enthält.

Du kanns den Aktivitéitsrapport mat Biller-Gallerien online hei kucke goen Kompass

oder als PDF hei eroflueden Kompass 2018

Congé jeunesse

Wichteg: Den SNJ hëlt den Delai vum Aschécken vun enger Demande 4 Wochen virun der Aktivitéit ganz streng. Dofir denkt w.e.g. drun är Demandë op d’mannst 6 Woche virum Camp un d’Géisserei ze schécken!

Et ka virkommen, datt eng Demande, déi ze spéit erageschéckt gëtt, vum SNJ refuséiert gëtt bzw. vum Sekretariat net méi un den SNJ ka weider geschéckt ginn.

Weider Infoen: https://chefbox.lgs.lu/chefbox/conge-jeunesse/