infoleiw_agenda

Hierschtkolonie

Wann s du dësen Hierscht wëlls eppes erliewen, wann s du wëlls Vëlo fueren, klammen a schwamme goen, wann s du wëlls e ganzen Dag an der Natur verbréngen an ausserdeem kreativ an aktiv wëlls eng cool Woch verbréngen an nach derbäi nei Kollege kenneléieren, da bass du genee richteg op der Hierschtkolonie zu Lëltz.

Grujel Weekend

De Grujel-Weekend ….. wéi den Numm et scho seet. 2 Deeg zu Huelmes am Schlass doen dir sécher net leed. Voller Kreaturen a Monsteren, villäicht ee Vampir an der Lued. Verfolge vu Spueren am Bësch, ganz spéit an der Nuecht. Dech grujelen a fäerten, deng Grenzen erfueren, de Spuck ass net eriwwer, bis et endlech ass Mueren.

Check-In

Wann s du am September nach keng Loscht hues un d’Schoul ze denken, mee de Summer nach eng lescht Kéier a vollen Zich wëlls genéissen, da bass du zesumme mat dénge Frënn genau richteg um Check-In. Hei erwaarden dech Kayak, Mountainbike, kreativ Workshop’en, en Hike a vill aner genial, kreativ a lëschteg Momenter!

Zirkuskolonie

Wat hu rout Nuesen, Devil Stick, Diabolo, Rola Bola, Poi, Bärenrolle, Bäll, Teller, Eerad, groussen Optrëtt, Lagerfeier, nei Kollegen, Spiller, Spaass a Sport mateneen ze dinn? Ma ganz einfach, dëst erliefs du alles op der Zirkuskolonie. Egal ob s du schonn eemol eppes mat Zirkus ze dinn has, oder net, hei bass du wëllkomm!

Erliefniskolonie

Hues du Loscht fir 10 Deeg laang super Aktivitéite matzemaachen? Fir dech mat Kollege gutt z’ameséieren an eng onvergiesslech Zäit ze verbréngen? Wëlls du selwer decidéiere wéi eng Atelier’en, Aktivitéiten an Hiken dass du maache wëlls. An och de Stau mam Kayak, Stand up Paddling, oder mat Sit-on-top nei entdecken? Da mell och du dech schnell fir déi super Erliefniskolonie un!!

Pages