interactions

Maison des Jeunes Gasperich – Den Iechternacher-Léiw huet seng Platz fonnt

Um leschten Donneschden konnten eng Partie vun den Jonker aus dem Jugendhaus vu Gaasperech den Iechternacher-Léiw un d’Gemeng iwwerdroen.

Am Kader vum Projet « D’Léiwe brëllen ! » goufen 12 Léiwen gemaach, déi déi 12 Kantonen vu Lëtzebuerg symboliséieren. D’Expositioun hat en groussen Succès an gouf wärend Wochen am Biergerzenter ausgestallt. Fir dem ganzen eng Kontinuitéit ze ginn, hunn déi Jonk sech iwwerluecht, d’Léiw un déi respektiv Gemengen ze verschenken.

Maison des Jeunes Gasperich – D’Danzen ganz Grouss geschriwwen

Dësen Samschden an Sonnden huet déi 37. Editioun vum Festival des Migrations stattfonnt. Wéi och déi Joren virdrun konnten eng Partie Jonker aus dem Jugendhaus Gaasperech Danz-Prestatiounen duerchféieren.

„Amélies Dance Company“ huet mat engem modern-ugehauchten orientaleschen Danz, d’Bün zum wackelen bruecht. Déi Jonk, hunn sech wärend Wochen ob d’Event virbereed an waren opgereegt fir den Samschden ob der Bün ze weisen wat si kennen. Schlussendlech ass hier Choreographie net nëmmen bei den Leit gutt ukomm, mee och si waren houfreg ob hier haart Aarbecht.

Maison des Jeunes Bonnevoie – Projet Jardin

Endlech ass et rëm souwäit! Natur erwächt lues aus dem Wanterschlof a genausou geet et och dem Gaarden-Grupp bei eis am Jugendhaus. Vill nei Ideen a Gedanke fir di nei « Saison » konnte mir op dësem Owend mateneen deelen: wat hues eis läscht Joer besonnesch gutt gefall (oder geschmaacht ) am Gaart a wei kéinte mer eise Gaart nach méi aluedend fir eis Mënschen an awer och all di aner Liewewiese ronderëm eis gestalten!

Ensemble Quartiers Esch – Cuisinons Ensemble Syrien

Dans le cadre de la deuxième édition du projet « Cuisinons Ensemble » de cette année, le service « Ensemble Quartiers Esch » a organisé en collaboration avec les habitants des quartiers une soirée autour de la cuisine syrienne.

Ce moment de partage culinaire a eu lieu le 28 février et s’est déroulé sous la coordination de Ghada, chef cuisinière de la soirée.

Ensemble Quartiers Dudelange – Création d’un masque cubiste en carton

Pour favoriser la créativité et raffermir les liens sociaux, des ateliers créatifs encadrés par Diane Demanet, artiste plasticienne sont organisés par le Service Quartiers Dudelange.

Utilisation de matériaux communs, non-toxiques et de récupération Stimulation de l’imagination et la créativité Participation en famille, entre amis, ou tout seul Ouvert à toutes les générations

Venez passer un moment convivial!

Pour plus d’informations sur les sujets et thématiques abordés pendants les ateliers, merci de nous contacter.

Ensemble Gare/Bonnevoie – Interview Radio ARA

Geschter war eisen Service bis an den Radio Studio bei Graffiti – d’Jugendsendungen um Radio ARA laanscht. Fir eis Equipe en richteg spannenden Metten, well mir d’Gelegenheet krutten en Interview opzehuelen. An dessem Interview hunn mir eisen Service erklärt an iwwert eis sozial Initiativen geschwaat.

Ensemble Gare/Bonnevoie – Bonnevoie en mouvement

An Zesummenaarbecht mat Studenten vun der Universitéit Lëtzebuerg goufen wärend der Hierschtzäit 2019, ënnerschedlech kleng Projeten entwéckelt, fir d‘Quartieren Bouneweg an Gare op déi verschiddenst Aart an Weisen zur Geltung ze bréngen. Fir dëst ze realiséieren, hunn d’Studenten op deenen verschiddensten Platzen vum Quartier, hirer Kreativitéit fréie Laaft gelooss.

Pages