Maisons des jeunes – Symposium : Suchtprävention an der Jugendaarbecht
D’Equipen aus de Jugendhaiser vun Inter-Actions Asbl hun de 7. Juli um Symposium » Suchtpräventioun » deelgeholl. Dëse gouf vum Service national de la jeunesse am Kader vun der Qualitéitssécherung organiseiert, fir sech ënnerteneen iwwer Ressourcen an Instrumenter auszetauschen, déi ënnerstëtzend kënne sinn an der Alldagsaarbecht mat Jugendlechen.
Véier Schwéierpunkte goufe virgestallt an diskutéiert:
Pedagogesch Haltung
Kreativ Usätz
Wildnis – an Erliefnispedagogik
Risflecting – Expertinnenpool für Rausch und Risikopädagogik